175. Anniversaire vum Londoner Traité

“Mir musse méi Demokratie woen, a mat der Ausdehnung vum Wahlrecht steet e wichtege Rendez-Vous an d’Haus”. Dat sot de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo während der akademescher Séance zum 175. Anniversaire vum Londoner Traité.

1839 war d’Gebuertsstonn vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet an eng éischt Etapp a Richtung vun enger nationaler Identitéit, sou de Premier. De Xavier Bettel sot nach, d’Lëtzebuerger hätten zënterhier ëmmer nees e grousst Talent bewisen, Leit vun ënnerschiddlechen Nationalitéiten a Kulturen an hier Mëtt ze huelen.
ir d’Onofhängegkeetsfeier waren eng 330 Gäscht am Stater Cercle Cité.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

 

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) huet hier Ried mat dëse Wierder ugefaang: "Dësen 175. Anniversaire ass e ganzt besonnescht Fest. Besonnesch, wëll et ons un ee Moment an der Geschicht erënnert, wou Lëtzebuerg an d’Liewe vun de Lëtzebuerger en neien Ufank kritt hunn, deen hirem Schicksal eng nei Richtung sollt ginn. D’Onofhängegkeet vun onsem Land, déi ons 1839 vum Ausland zougestane gouf, huet et onse Virfaren erlaabt, e Bewosstsënn vun hirer Identitéit an hirer Verbonnenheet mam Territoire z‘entwéckelen, politesch, ekonomesch, administrativ a sozial Strukturen ze schafen, déi néideg woren fir d’Organisatioun vun dëser neier Unitéit ze garantéieren, an en Nationalgefill ze entwéckelen dat den Zesummenhalt an d’Solidaritéit vun eisem Vollek sécherstellt."

 

De Premier Xavier Bettel (DP) huet seng Ried mat deenen heite Wierder ofgeschloss: "Mir hunn an deene leschten 175 Joer och ëmmer nees bewisen, datt mir e grousst Talent hunn, fir Leit vun ënnerschiddlechen Nationalitéiten a Kulturen an eis Mëtt ze huelen, mat hinnen zesummen no vir ze kucken an un enger gemeinsamer Zukunft ze schaffen. Och dat soll e Charakterzuch vu Lëtzebuerg bleiwen. Wa mir haut Onofhängegkeet feieren an d’Gebuertsstonn vun eisem Land, da solle mir eis och froen, wéi e Lëtzebuerg mir eise Kanner iwwerloossen. Wéi soll d’Land ausgesinn, wann den 200. Anniversaire vum Londoner Vertrag gefeiert gëtt? Et gëllt déi Jalonen haut ze setzen, fir datt et e Land vun der sozialer Kohäsioun ass, e Land, wat fonctionnéiert a wou et Perspektive ginn, wou et Freed mécht ze liewen, wou et friddlech ass a wou ee kann houfreg sinn op dat, wat geleescht an erlieft gouf."

 

Den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg Michel Pauly huet a senger Ried drop higewisen, datt déi Lëtzebuerger Onofhängegkeet an Etappen entstan ass, ugefaang mam Wiener Kongress 1815: " E Lëtzebuerger Staat besteet also säit 1815 a net eréischt säit 1839. Op d’mannst gouf et säithir e kloer delimitéierten Staatsterritoire: di éischt Konditioun am Staatsrecht fir dass ee ka vun engem Staat schwetzen. Ouni Wiener Kongress hätt et kee Londoner Vertrag ginn." Den Historiker huet dann d'Fro opgeworf, ob net d'Joer 1919 als Gebuertsstonn vun der Onofhängegkeet misst gefeiert ginn: "Wann am 19. Jorhonnert all Kéiers di europäesch Regirungen derfir gesuergt hunn, dass Lëtzebuerg en eegene Staat bliwwen ass, da wor et 1919 d’Vollék selwer, dat an engem Referendum fir di eege Monarchie gestëmmt huet an domat di belsch Hoffnungen op eng Récupératioun vun dene Stécker, déi se 1839 verluer haten, zerstéiert huet." An zur historescher Entwécklung vum Wahlrecht war et déi heiten Ausso: "1919 sinn d’Geschlecht an d’Steieren als Konditioun eweggefall; (...) Och den Alter ass progressiv erofgesat ginn a gëtt et vläicht nach. Da stellt sech d’Fro, ob net och d’Konditioun vun der Nationalitéit duerch déi vun enger Staatsbiergerschaft, déi just un d’Residenz gebonnen ass, misst ersat ginn. Iwwer 550 000 Leit aus de verschiddensten Deeler vun der Welt wunnen haut op engem Gebitt, deem seng Grenze virun 175 Joer fixéiert goufen. Si droen all zu onsem Wuelstand bäi, deelen d’Virdeeler an d’Risike vun deem Land an hunn di selwecht Aufgaben. Sinn si net all zesummen di nei Lëtzebuerger Gesellschaft, di heiteg Natioun?"

 

"Wéi Lëtzebuerg virun 175 Joer en eegestännegt Land ginn ass, hunn déi meescht vu menge Virfahren nach an den italieneschen Abruzzen, a Frankräich oder an Däitschland gelieft. Si sinn nom 1. Weltkrich op Lëtzebuerg komm an hunn, wéi zéngdausenden aner Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger, an der Minière oder op der Schmelz matgehollef, dat haitegt Lëtzebuerg opzebauen. Mär geet et domat wéi ganz ville Lëtzebuerger: Mär sinn all e Stéck Lëtzebuerg, déi eng scho méi laang, déi aner e bësse manner laang, mä all Membere vun därselwechter Communautéit." Sou huet de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo seng Ried ugefaang, eng Ried déi hien spontan ergänzt huet mat engem Hiweis op d'Ausdehnung vum Wahlrecht:

 

De Grand-Duc Henri huet a senger Ried drop higewisen, datt de Grënnungsdatum vum Lëtzebuerger Staat ëmstridden ass: "Souwéi den Här Pauly et a sengem exzellenten Exposé gesot huet, suergt den Datum vun der Onofhängegkeet haut nach fir Diskussiounen. Dee vun 1815, also vum Wiener Kongress, schéngt fir Verschidden méi pertinent ze sinn. Dat hätt och als Konsequenz, datt mir eis an engem Joer missten erëm gesinn, fir de Bicentenaire vum Grand-Duché." An mat Bléck op déi zukënfteg Erausfuerderungen, sot de Staatschef: "Dobäi hu mir iwwerhaapt kee Grond fir Angscht ze hunn, well mir halen all Chancen op eiser Säit: e besonneschen Liewensraum, eng wäitgehend präservéiert Natur, ee vun den héchsten Liewensstandarden, an eng multi-kulturell Bevëlkerung."

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen