Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 195 Staaten beschléisse Klimaofkommes

Weltklimasommet

195 Staaten beschléisse Klimaofkommes

No laangen an zéie Verhandlungen, hunn d'Memberstaate vun der UNO-Klimakonventioun een Ofkommes ugeholl. Häerzstéck vum "Accord vu Paräis" ass d'Zilsetzung vun enger maximaler Hausse vun der global Duerchschnëtts-Temperatur vun zwee Grad. Ugestrieft gi maximal 1,5 Grad.

auto_stories

4 min

De franséische President François Hollande, den Ausseminister a President vum Klimasommet Laurent Fabius, an den UN-Generalsekretär Ban Ki Moon (©UNFCCC)

Bis zum Schluss war onkloer, ob ee Kompromëss tëscht den Industriestaaten, de Schwellelänner an deenen äermste Länner méiglech ass. Et ass déi éischte Kéier, dass all 195 Staaten sech dozou verflichten hiren Deel zum Klimaschutz bäizedroen. De Kyoto-Protokoll vun 1997 hat just Reduktiounsziler fir Industriestaaten virgesinn. Et bleift awer dobäi, dass déi räich Länner dee gréissten Effort solle maachen.

"Een historeschen Accord"

Déi Lëtzebuerger Ëmweltminister Carole Dieschbourg huet vun engem "historesche Moment" geschwat an d'Verhandlungsresultat am Numm vun der EU als Succès bezeechent. "Haut feiere mir, muer musse mir handelen. Dat erwaart d'Welt vun eis", sou den EU-Kommissiounspresident Miguel Arias Cañete.

Zil ass et, dass d'Hausse vun der globaler Duerchschnëtts-Temperatur däitlech ënner zwee Grad bleift. Ugestrieft gi maximal 1,5 Grad, fir d'Existenz vun de klengen Inselstaaten net duerch eng Hausse vum Mieresspigel a Gefor ze bréngen. 

"Mir hu Geschicht geschriwwen", sou d''UN-Klima-Chefin Christiana Figueres op Twitter.

"Accord ass net perfekt"

Een zentrale Sträitpunkt an de Verhandlunge war déi finanziell Ënnerstëtzung, déi d'Entwécklungslänner solle kréien. Bis 2020 soll dës Finanzhëllef 100 Milliarden Dollar erreechen. No 2025 soll dee Montant erop gesat ginn. Mat dëse Sue solle klimafrëndlech Projeten an den Entwécklungslänner finanzéiert ginn, grad wéi d'Upassung un d'Konsequenze vum Klimawandel. Déi finanziell Zousoe sinn awer net Deel vun dem legal verbindlechen Deel vum Ofkommes.

D'Vertrieder vu China a Südafrika hunn no der Adoptioun vum Text betount, dass den Accord "net perfekt" ass. Et wier nach vill ze dinn, notamment bei der finanzieller Ënnerstëtzung vun den Entwécklungslänner, sou déi südafrikanesch Ëmweltministesch Edna Molewa.

"Dat Bescht, wat mer konnte maachen", seet déi südafrikanesch Ëmweltministesch.

Keng Garantie fir Succès

Ëmwelt-ONGen a Wëssenschaftler begréissen d'Zil vum Ofkommes ausdrécklech. Mee an hiren Ae garantéiert den Accord net, dass d'Zäregas-Emissiounen dann och effektiv staark genuch reduzéiert ginn.

D'Samantha Smith vu WWF huet gefuerdert, dass "alles wat d'Staaten elo maachen, muss um 1,5-Grad-Zil gemooss ginn. Déi finanziell Hëllef an d'Emissiounsreduktioune mussen nach virun 2020 erop gesat ginn, wa mir eng Chance wëllen hunn dat laangfristegt Zil z'erreechen." Am Accord ass virgesinn, dass d'Länner hir fräiwëlleg Klimaschutz-Efforte vun 2018 un all fënnef Joer evaluéieren an eropschrauwen.

De Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg nom Ofschloss vum Klimasommet um Bourget zu Paräis

"Lëtzebuerg ka méi couragéiert sinn"

Nom Ofschloss vun der Klimakonferenz, sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am 100,7-Interview, si wier ganz zouversiichtlech, dass dësen Accord vun alle Länner eescht geholl gëtt. Zu Lëtzebuerg wier an de leschten zwee Joer scho vill geschitt, notamment wat déi erneierbar Energien ugeet. Mee et kéint een nach méi Efforte maachen, a sech dobäi un der däitscher "Energiewende" inspiréieren. D'Ministesch mengt, Lëtzebuerg kéint "no an no" méi couragéiert sinn. Dat kéint och ee Standuertvirdeel sinn.

Tëscht den EU-Memberstaaten fänken 2016 d'Verhandlungen un, wien wéi vill zum EU-Klimazil vu Minus 40 Zäregase bis 2030 bäidréit. Ob Lëtzebuerg zu den ambitionéierte Länner wäert gehéieren, sot d'Carole Dieschbourg: "Dat kucke mer. Mir sinn elo op der gudder Trajectoire a mir wäerten eis Aarbecht do weider féieren."

Den Interview vum Pia Oppel mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg: