Deemno hunn 53.712 Leit d'Bréifwahl ugefrot. Am Ganze si fir d'Europawahlen 283.683 Lëtzebuerger an EU-Auslänner op de Wielerlëschten agedroen.
Den Undeel vu Bréifwieler klëmmt deemno géintiwwer de Chamberwahle vun zejoert liicht, an zwar vu ronn 16 op bal 19 Prozent. Wéi vill vun de Bréifwieler hei am Land, respektiv am Ausland liewen, konnt de Staatsministère net präziséieren.
D'Enveloppe mam Wahlziedel muss un de Wahlbüro zeréckgeschéckt ginn, deen an der Lettre de convocation indiquéiert ass. De Bréif muss spéitstens um Wahlsonndeg agereecht ginn, éier d'Wahlbüroen um zwou Auer zoumaachen.