Riicht Eraus Der Arméi feelt et nach ëmmer u Leit

D'Regierung presentéiert an den nächsten Deeg déi definitiv Versioun vun de "Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2025+". De Budget fir d'Defense soll viru klammen an d'Arméi soll viru moderniséiert ginn. Déi gréisst Erausfuerderung bleift et, fir genuch Personal fir déi Lëtzebuerger Arméi ze fannen.

Serge Kesseler / mak

Riicht Eraus
Patrick Heck (Direkter vun der Defense), Jean-Marie Halsdorf (CSV) a Christian Schleck (SPAL), v.l.n.r.

Bei der Lëtzebuerger Arméi géifen et fir de Moment wäit ënner 300 Zaldote ginn, déi op Auslandsmissioune kënne geschéckt ginn oder fir déi séier Agrëffstruppe vun NATO an EU zur Verfügung stinn, esou de President vun der Arméigewerkschaft SPAL an eiser Emissioun "Riicht eraus". Dem Christian Schleck no hätt een et an de leschten zéng Joer net gepackt, fir d'Effektiver vun der Arméi considerabel an d'Luucht ze setzen a sou den neie Missioune vun der Arméi gerecht ze ginn. D'Arméi misst méi attraktiv gemaach ginn, si misst méi breet opgestallt ginn a Leit mat neie Profiller rekrutéieren.

D'Arméi huet fir de Moment alles an allem gutt 1.000 Leit Personal, dorënner eng 130 Zivilisten.

PwC ass Beroder fir nei Regierungsstrategie

Bis d'Enn vum Joer wëllt d'Regierung een neit Rekrutéierungskonzept presentéieren. Den "Directeur de la défense" am Ausseministère Patrick Heck huet a "Riicht eraus" confirméiert, datt e sech vun engem Consultant berode léisst. Dësen externe Beroder ass PwC Lëtzebuerg. Virgesinn ass e pluriannuelle Rekrutéierungsplang fir d'Arméi an eng nei Kommunikatiouns-Campagne. D'Zil ass et ënnert anerem, fir nei Leit fir eng militäresch Carrière unzeschwätzen. Bei der Arméi sollen et an Zukunft méi technologesch Beruffer ginn.

Lignes directrices 2025+

Dëse Plang soll an den nächsten Deeg a Form vun enger Broschür virgestallt ginn. D'Haaptelementer vun de "Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2025+" ware viru knapp zwee Méint am Regierungsrot ugeholl ginn.

Bis 2020 sollen d'Ausgabe vu Lëtzebuerg fir d'Defense op 0,6 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung klammen. Bis 2025 sollen et 0,85 Prozent vum PIB sinn. Den Direkter vun der Defense huet ënnerstrach, datt d'NATO-Staate sech engagéiert hätten, hir Efforten a Richtung zwee Prozent vum PIB ze dreiwen.

Nei militär-medezinesch Kompetenzen a Strukturen

Et soll net nëmmen a multinational Projeten investéiert ginn, mä och a Kompetenzen a Strukturen, déi Lëtzebuerg zu gutt kéimen, z. B. am Katastropheschutz, esou de Patrick Heck. Déi militäresch Medezin wier e gutt Beispill dofir.

D'Haaptelementer vun dësem Projet si spezialiséiert Equippe fir d'Trauma-Chirurgie a fir Infektiounskrankheeten. Dobäi kéim eng Infrastruktur mat zousätzleche Better an enger Lëtzebuerger Klinik. Een eegestännegt, neit Militärspidol soll et net ginn, esou den Direkter vun der Defense.

Nieft dem Militärtransportfliger A400M, dem annoncéierte Kaf vun dräi Helikopteren a vu weideren Opklärungsdrone fir d'Arméi, ass de Grand-Duché um Kaf vun op d'mannst siwe Fligere vum Typ Airbus A330 MRTT bedeelegt, huet de Patrick Heck confirméiert. Investéiert ginn dofir ronn 170 Milliounen Euro.

SPAL wënscht sech bessere Sozialdialog mat Arméispëtzt

De Moment géif et e gudde Sozialdialog mat deene politesch Responsabele ginn, esou de President vun der Arméigewerkschaft SPAL. Den Dialog mat der Militär-Hierarchie kéint awer besser ginn, huet de Christian Schleck ënnerstrach. Vum neie Chef d'état-major Alain Duschène, deen am September 2017 de Romain Manchinelli ofléist, géif ee sech nëmme Positives erwaarden. De Moment géifen et vill Chantiere ginn, dobäi dierften d'Leit um Terrain net vergiess ginn, esou de Gewerkschaftspresident.

Jean-Marie Halsdorf wëllt net méi Arméiminister ginn

Den CSV-Deputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf huet a "Riicht eraus" op Nofro hi gesot, datt hien am Fall wou, no de Chamberwahlen 2018, net méi motivéiert wier, fir d'Defense nach eng Kéier z'iwwerhuelen. Hie géif gären nei Defien unhuelen, esou den CSV-Politiker, dee vun 2009 bis 2013 an der Regierung Juncker-Asselborn II Verdeedegungsminister war.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Christian Schleck
Arméi

An Zukunft géif bei der Arméi méi an technesch Beräicher investéiert ginn. Et misst sech d'Fro gestallt ginn, ob een déi néideg Ressourcen dofir huet, seet de President vun der Arméigewerkschaft SPAL.

Spidol-vum-Roude-Kräiz-am-Südsudan.jpg
Humanitär Hëllef

Vun arméierte Konflikter ass dacks déi zivil Populatioun staark betraff. D'Aarbecht vun humanitären Organisatiounen ass dofir essentiell. Net ëmmer gëtt dat humanitäert Vëlkerrecht awer respektéiert.

Zaldot
Fonction Publique

D'Lëtzebuerger Arméi huet gréisser Problemer fir Leit ze rekrutéieren. Dofir plangt de Minister fir bannescht Sécherheet nei Carrièren. Eischt Gespréicher mat der Arméis-Gewerkschaft gouf et schonn.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen