Radioen

On air

Notturno  |  Minipli - Washing The Money

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Evaluatioun kënnt spéit"

D'ASTI iwwer de PIA

"Evaluatioun kënnt spéit"

Fir Leit, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, ass de PIA obligatoresch: bei dësem Parcours d'integration accompagné gëtt Lëtzebuergesch a Franséisch geléiert - an et kritt een Informatiounen iwwer eise Schoul- a Gesondheetssystem. No enger Evaluatioun vun der aktueller Situatioun ginn déi Coursen ausgebaut, seet déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen

auto_stories

1 min

Laura Zuccoli, ASTI (Foto: Archiv)

Zanter dem 1. Januar 2018 muss all Persoun, déi Asyl hei zu Lëtzebuerg ufreet, de PIA (parcours d'intégration accompagnée) maachen. Eng Evaluatioun vun deem wat leeft ass sënnvoll, fënnt d'Laura Zuccoli vun der ASTI. Déi wier souwisou geplangt gewiescht, mee duerch verschidde Changementer bei der Regierungsbildung wier een a Verzuch komm.

Déi associativ Projeten, wou mat Flüchtlinge geschaaft gëtt, sollen och evaluéiert ginn. "D'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte hu vill Ënnerstëtzung gebueden", seet d'Laura Zuccoli. Et wieren eng Partie Associatiounen entstanen, déi awer just e Budget bis Enn 2018 haten. D'Laura Zuccoli stellt d'Fro, wéi déi Aarbecht nach kann evaluéiert ginn. Dat Ganzt géif spéit kommen.

Méi Budget fir 2019?

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro zum Thema hat d'Ministesch Corinne Cahen geschriwwen, datt de Budget fir PIA dëst Joer duebel esou héich wier, wéi beim leschten Exercice. "Et geet ëm 2,25 Milliounen Euro", seet d'Laura Zuccoli. Dora sinn awer nach aner Posten dran, wéi just de Parcours d'integration accompagnée. D'Laura Zuccoli weist drop hin, datt 260 Milliounen Euro do si fir d'Flüchtlingsstrukturen ze iwwerwaachen. Am Verglach wier de Budget fir d'PIA domat laang net héich genuch.