Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Everyday People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Service um Client soll verbessert ginn"

Entretiensaarbechten op den Zuchlinnen

"De Service um Client soll verbessert ginn"

Tëschent Esch a Rodange - op der Linn 60 - an tëschent Ettelbréck an Ëlwen - op der Linn 10 fueren dës Woch keng Zich. D'CFL Pressespriecherin Alessandra Nonnweiler erkläert firwat.

auto_stories

1 min

Sandy Nonnweiler, Pressespriecherin vun den CFL

"D'CFL hunn e groussen Objektiv" - seet d'Pressespriecherin Alessandra Nonnweiler - "de Service um Client soll ëmmer besser ginn". Dofir misste kontinuéierlech Moderniséierungs- a Maintenanceaarbechten um Reseau gemaach ginn. Am Konkrete ginn an der Päischtvakanz op der Linn 10 - tëschent Ettelbréck a Méchela - d'Uewerleitunge moderniséiert. Op där Streck ginn awer och verschidde Fielse stabiliséiert. An an der Ettelbrécker Gare gëtt parallel un de Quaie geschafft.

D'Linn 60 tëschent Esch a Rodange ass gespaart, well d'Weiche kontrolléiert ginn.

Fir d'Ausfäll op den zwou Linnen ze kompenséiere setzt d'CFL Ersatzbussen an. Esou komme Voyageuren awer op hir Destinatioun, versprécht d'Alessandra Nonnweiler. D'CFL géif déi Aarbechte bewosst an de Vakanzen oder op Weekender maachen, well da manner lass ass.

D'CFL huet sech den Horizont 2024 gesat, da sollen d'Capacitéite méi héich sinn an d'Robustheet vum Material soll sech verbessert hunn. "A fir dat ze erreechen, muss ee verschidden Inconveniente mat a Kaf huelen", esou d'Alessandra Nonnweiler.