Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Malmström: "Klimareferenz net néideg an EU-USA Handelsaccord"

EU-Handelskommissärin am Interview

Malmström: "Klimareferenz net néideg an EU-USA Handelsaccord"

An engem Handelsaccord tëscht der EU an den USA wier et net néideg, eng Referenz op de Klimaaccord vu Paräis ze maachen. Dat seet déi schwedesch EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström am 100,7 Interview. D'EU misst weider mat den USA iwwert een Handelsaccord schwätzen. Esou laang verhandelt gëtt, géifen d'USA kéng Stroftaxen op europäesch Produiten aféieren.

auto_stories

3 min

D'EU Handelskomissärin schwätzt vun engem Paradigmewiessel an der europäescher Handelspolitik ënnert hirem Mandat. Dorop wär si stolz. D'EU Kommissioun hätt fir e Revirement am Debat iwwert den Handel gesuergt. Wéi si als Kommissärin ugefaangen huet, wier den Handel ee ganz kontroverse Sujet gewiescht. Dat wier nach ëmmer de Fall. Mee:

Mir hunn d'Handelspolitik vill méi transparent, méi inklusiv, gemaach, an op eis Wäerter gepocht. A mir hunn den Debat mat de Bierger a klengen Entreprisë gesicht sou wéi nach ni virdrun.

Effektiv schéngen d'Zäite vun de grousse Protester ob de Stroossen eriwwer ze sinn. Virun zwee Joer hat de CETA, den EU Handelsaccord mat Kanada, nach fir vill Protester gesuergt. D'Cecilia Malmström féiert déi méi roueg Zäiten elo op d'Politik vun dëser Kommissioun zeréck.

Keng Stroftaxen, sou laang verhandelt gëtt

Als Succès verkeeft Bréissel och de Fait, datt d'USA keng weider Stroftaxen op europäesch Produite verhaangen hunn. Dat wier der Entrevue, am Summer 2018, tëschent dem Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an dem amerikanesche President Donald Trump ze verdanken.

Am Abrëll hunn d'Memberlänner der Kommissioun ee Mandat ginn, fir mat den USA iwwert ee limitéierten Handelsaccord ze negociéieren. Do geet awer zanterhier näischt virun, gëtt déi schwedesch Kommissärin am 100Komma7-Interview zou.

D'EU wier awer prett, zu alle Moment, mat de Verhandlungen unzefänken. Allerdéngs pochen d'USA bis elo drop, datt landwirtschaftlech Produiten een Deel vum Accord sinn. Dat bleift fir d'EU awer ausgeschloss, sou d'Cecilia Malmström.

Keng Referenz zum Klimaaccord

Tatsaach ass, dat elo iwwert een Ofkommes geschwat gëtt, an deem keng Referenz op de Klimaaccord dran ass. D'USA si bekanntlech aus dem Klima-Accord erausgeklommen. D'Cecilia Malmström gesäit doran keng Kontradiktioun zu den Engagementer, déi d'EU a Saache Klimaschutz geholl huet. D'Kommissioun an d'Memberlänner wieren zum Schluss komm, dat esou eng Referenz an engem limitéierten Accord net néideg ass.

C'est un accord limité, mutuellement bénéficiel que nous pouvons faire dans un délai assez limité. C'est ce que nous offrons pour le moment. Entretemps nous avons négocié un accord très avancé avec une référence à l'accord de Paris avec le Japon. Nous avons les mêmes références dans les autres accords avec le Mexique, Singapore, Vietnam, bien évidemment avec les 4 pays du Mercosur.

Beim Accord mat de Mercosur Länner (Argentinien, Brasilien, Paraguay, Uruguay, Venezuela, woubäi Venezula den Ament suspendéiert gouf) kënnt een zanter Joren och net virun. De neie brasilianesche President Jair Bolsonaro huet wuel dovun ofgesinn, och aus dem Klima-Accord erauszeklammen.

Mercosur-Accord nach virum Enn vum Summer?

D'Diskussiounen tëscht EU a Mercosur awer hänken, virun allem wéinst dem Deel iwwert déi landwirtschaftlech Produiten. D'europäesch Bauere fäerten d'Konkurrenz ënner anerem um Rëndfleesch-Maart, déi südamerikanesch Länner awer bestinn op deen Deel.

Béid Säite ginn sech zanter Méint drun, ze annoncéieren, et stéing ee kuerz vrum Enn vun de Verhandlungen. Et kéint nach vrum Enn vum Summer zu engem Accord kommen, sou d'Cecilia Malmström. D'EU-Handelskommissärin bleift ganz iwwerzeegt dovun, dat och dësen Handels-Accord fir béid Säiten ee grousst Potential huet.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.