Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Falling Apart Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei CSL Presidentin Nora Back wëll Ännerunge bréngen

Chambre des Salariés

Nei CSL Presidentin Nora Back wëll Ännerunge bréngen

D'Nora Back gouf eestëmmeg an als éischt Fra als nei Presidentin vun der Salariatskammer gewielt. D'OGBL Generalsekretärin wëll nei Akzenter bei der Chambre des Salariés setzen. Déi néng intern Gruppe sollen op de Leescht geholl ginn, a fir d'Sozialwahlen gëtt iwwerluecht, fir en elektronesche System anzeféieren.

auto_stories

3 min

Nei CSL Presidentin Nora Back

D'Salariatskammer wëll d'Prozedur fir d'Sozialwahlen an déi néng intern Gruppen op de Leescht huelen. Dat sot hir nei Presidentin an OGBL-Generalsekretärin Nora Back am 100,7 Interview. An der CSL wier eng entspriechend Nott ausgeschafft ginn, déi deemnächst soll virgestallt a mam Aarbechtsminister diskutéiert ginn. Konkret Detailer konnt d'Nora Back nach net ginn.

Elektronesche Wahlsystem fir d'Sozialwahlen

Et géif awer Iwwerleeunge ginn, fir en elektronesche Wahlsystem fir d'Sozialwahlen anzeféieren. Deen aktuelle System mat der "Enveloppe an der Enveloppe" géif d'Leit duerchernee bréngen, a wier u seng Grenze gestouss, sou d'Nora Back. Dat hätt derzou bäigedroen, dass d'Wahlbedeelegung bei der Wahl vun der Chambre des salariés (33 Prozent am Duerchschnëtt) nach ëmmer ze niddereg wier.

Méi Fraen a méi Frontalieren

D'Chambre des Salariés wier no de Sozialwahle vum Mäerz méi representativ ginn. Den Undeel vu Fraen an der Plenière wier geklommen, op elo 21 vu 60 Memberen. An et wieren elo duebel esou vill Frontalierse vertrueden ewéi virdrun (17 Member vun der Plenière si Frontalieren). Dat wier eng positiv Entwécklung. D'CSL wier der Realitéit e bësse méi no komm.

Fir eng Fraequot bei der Chambre des Salariés anzeféiere gesäit d'Nora Back als schwiereg. Et géif ebe Gruppe ginn, déi Secteure representéieren, déi ganz wéineg Frae beschäftegen. Wann ee bei Secteure wéi d'Siderurgie oder d'Industrie Frae-Quote géif aféieren, wier dat och net representativ fir déi Beruffs-Secteuren, sou déi nei CSL Presidentin.

LCGB President Patrick Dury elo CSL Vize-President

Si géif gutt mam Patrick Dury eens ginn, seet d'Nora Back. De Patrick Dury gouf als ee vun zwee neie Vize-Presidente bei der Salariatskammer gewielt. D'Relatiounen tëscht dem OGBL an dem LCGB war an der lescht bekanntlech net ëmmer eng Harmonie. Wéi gesäit d'Nora Back d'Zesummenaarbecht mam Patrick Dury, wa si Presidentin vum OGBL géif ginn?

Mir hunn ëmmer eng national Relatioun mateneen ënner zwou Gewerkschaften, wat jo logesch ass op national-politesche Sujeten. An déi kann och mol gutt sinn. An awer huet een an eenzele Secteure Sträit. An do kann ee jo net wësse wat kënnt.

Nora Back als OGBL Presidentin

Am Dezember soll d'Nora Back viraussiichtlech och d'Spëtzt vum OGBL iwwerhuelen. De momentane President André Roeltgen wëll jo net méi fir en neit Mandat kandidéieren. Wa si Presidentin géif ginn, wéilt si eng Kontinuitéit bidden zu hirem Virgänger, sou déi 40-Joer al Gewerkschaftlerin, déi den Ament OGBL Generalsekretärin ass. Iwwert hire Féierungsstil seet si:

Ech sinn e Mënsch deen awer ëmmer versicht mat de Leit zesummen ze schaffen an eng gutt Zesummenaarbecht do hin ze kréien. Ech denken dat wäert och esou sinn, datt ech elo net déi autoritäerste Persoun un der Spëtzt do wäert sinn.

Wat de momentanen OGBL-President André Roeltgen maache wäert nodeems si seng Successioun iwwerholl huet, konnt d'Nora Back net soen. Dat géif an der Geschäftsféierung vum OGBL diskutéiert ginn. Hie géif awer der Gewerkschaft net verluer goen.