Fir als Start-up ze gëlle geet et net duer, just eng nei Entreprise ze grënnen. D'Karin Schintgen, CEO vum House of Startups, erkläert. Eng traditionell Entreprise hätt en definéierte Businessplang. Bei enger Start-up wär de Businessmodell méi onsécher ass, well et eppes Neits wier.
Start-up Firme wëlle méi Beroodung
Beim House of Start-ups ginn et véier sougenannten Incubateuren. Déi Incubateure bidde jonken Entrepreneuren eng Adress un, eng Platz, wou si schaffe kennen, an eng Berodung. Op deem Punkt kéint de Start-uppë méi gehollef ginn, mengt de Jérôme Grandidier, President a Grënner vun der Fédération Luxembourgeoise des Start-ups. D'Start-uppen hätte gär méi Formatiounsprogrammer, méi Coaching. D'Incubateuren an Accelerateure missten och eng Plaz sinn, wou een eppes léiere kann.
Falscht Bild vun Start-up Ekosystem
D'Federatioun vun de Start-uppe wier déi eenzeg Gruppéierung, déi vun de Start-up Entreprise selwer kënnt, seet hire President Jérôme Grandidier. All déi aner Organisatiounen an deem Beräich kéime vun de groussen institutionellen Acteuren, dorënner de Staat. D'Regierung an aner Administratiounen hätten e verzerrtent Bild vum Start-up-Ekosystem. D'Start-uppe géiffen dem Staat ëmmer soen, et géif hinne gutt goen. Well si op d'Hëllef vum Staat ugewise sinn, an also net meckere géifen.
Start-ups als privat Investitiouns-Méiglechkeet
D'Federatioun well hire Membere Propositiounen, iwwert ofgestëmmt soll ginn. D'Resultat soll un den Ekonomie- a Finanzministère goen. Eng Propose hat och schonn de Generaldirekter vun der Handelskummer Carlo Thelen bei der Bilans-Konferenz vun der House of Start-ups an d'Spill bruecht. Hei mengt, dass ee Privatleit d'Méiglechkeet kéint ginn, a Start-uppen ze investéieren. An déi Suen da vun de Stéieren ofzesetzen.
D'Fédératioun vun de Start-uppe fuerdert ënner anerem och, dass d'Prozedure, fir eng staatlech Finanzhëllef ze froen, vereinfacht ginn. Luxinnovation kéint eng Finanzéierungs-Agence ginn, déi autonom ass an en eegene Budget huet, sou de Jérôme Grandidier. De Staat misst dreiwend Kraaft ginn, fir jonk Entreprisen ze ënnerstëtzen.