An anere Länner géif de soziale Wunnengsbau bis zu 30 Prozent ausmaachen, zu Lëtzebuerg wieren dat - wat de Locatif ubelaangt - knapps zwee Prozent.
"Also do gesäit een einfach, datt dat net duergeet, an datt dat massiv muss opgestockt ginn."
Nieft dem Bau vun eegene Sozialwunnengen, dierft de Staat och net zécke fir de Marché méi staark ze reguléieren: Eng Deckelung vun de Terrains- a de Loyerspräisser dierft deemno keen Tabu sinn, esou de Gilles Hempel.
Méi Sozialwunnenge bauen an der manner verkafen
Bei der Agence Immobilière Sociale gëtt et am Moment eng Waardelëscht vu ronn 1.000 Leit, déi eng Sozialwunneng wëlle kréien. D'Leit géifen och ëmmer méi laang an de Wunnenge vun der AIS bleiwen.
"Leit, déi u sech hire Projet ofgeschloss hunn, déi Aarbecht fonnt hunn, déi Formatioune gemaach hunn, déi hir Scholden zréckbezuelt hunn, déi u sech och elo guer keen Accompagnement an dem Sënn géife brauchen, déi kommen net fort, einfach well um normale Marché keng adequat Wunnengen do sinn."
De Gilles Hempel fuedert dofir, datt de Staat méi Sozialwunnenge baut, an datt déi Wunnengen dann och op Dauer an ëffentlecher Hand bleiwen. Am Moment géifen déi staatlech Acteuren ze vill abordabel Wunnenge verkafen, esou den AIS-Direkter.