Ëmstridde Mesure Tankrabatt: Jonk Gréng sinn "net enttäuscht" iwwer hir Mammepartei

De Spriecher vun de jonke Grénge seet hie wier zwar "net glécklech" iwwer der Regierung hir Decisioun fir den Tankrabatt bis Enn vun dësem Mount ze verlängeren. Enttäuscht doriwwer, datt och Ministeren aus senger eegener Partei déi Mesure duerchgewenkt hunn, wier hien awer och net, esou de Fabricio Costa.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Fabricio Costa

Als Regierungspartei hätt een net nëmmen einfach Decisiounen ze huelen an déi jonk Gréng wiere frou, datt d'Mammepartei hir Bedanken iwwer den Tankrabatt prinzipiell géife deelen.

De Fabricio Costa geet och dovun aus, datt d'Regierung d'CO2-Steier ufanks d'nächst Joer erhéijt, sou wéi dat geplangt ass "[...] well ech nach virun e puer Wochen de Vertrieder vun der LSAP an der Steierdebatt héieren hu soen, datt d'CO2-Steier natierlech misst weider erop goen."

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Tanken
7,5 Cent de Liter manner

Den Tankrabatt gëtt ëm ee Mount bis Enn August verlängert. Dee Kompromëss gouf et am Regierungsrot: dofir soll mam Staatsbudget fir d'nächst Joer ë.a. d'TVA op Solaranlagen a Vëloen op 3 Prozent erofgoen.

Tanken
7,5 Cent manner de Liter

E Freideg gëtt am Regierungsrot iwwer d'Verlängerung vum Tankrabatt diskutéiert. D'CSV, d'ADR an de Groupement Energie Mobilité begréissen dat, Kritik kënnt vun de jonke gréngen, déi Lénk an der Piratepartei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen