Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: Eng Léisung am Gudde fir den IRM um Potaschbierg

IRM zu Gréiwemaacher

Paulette Lenert: Eng Léisung am Gudde fir den IRM um Potaschbierg

Den IRM um Potaschbierg géif am Moment ouni legal Basis agesat ginn, seet d'Paulette Lenert am 100,7-Interview: Am aktuelle gesetzleche Kader dierft en IRM baussent engem Spidol nëmmen an Zesummenaarbecht mat engem Spidol exploitéiert ginn.

auto_stories

2 min

D'Paulette Lenert wëllt zesumme mat der radiologescher Praxis um Potaschbierg eng Léisung fannen

Dat wier och d'Pist, op där geschafft gëtt, fir d'Situatioun vun der radiologescher Praxis um Potaschbierg ze regulariséieren, esou d'Gesondheetsministesch.

"Stand haut, mat der Legislatioun wéi se ass, wier d'Spidol kloer Träger. Dat ass am Moment eben eng Aktivitéit an et sinn Ekipementer, déi wéinst der Planungslogik, déi mer hunn, de Spideeler virbehale sinn. An an deem Sënn wier et och un engem Spidol, den offizielle Bedreiwer ze sinn. E Spidol kann dat natierlech an Zesummenaarbecht maache mat Dokteren, déi lokal täteg sinn. Mee et géif no de Spidolsreegele lafen.

Dat géif awer och bedeiten, datt d'Dokteren aus der Antenn misste Garden am Spidol iwwerhuelen, sou nach d'Gesondheetsministesch.

Collaboratioun mam Spidol ass den eenzege Wee

Si wéilt déi radiologesch Praxis um Potaschbierg net zoumaachen, mee zielt op eng Léisung am Gudden, seet d'Paulette Lenert. Dat kéint nëmmen iwwer d'Collaboratioun mat engem Spidol goen.

Sollt den Zenter vu Gréiwemaacher sech net op eng Zesummenaarbecht aloossen, géif si vun hirem Recht awer Gebrauch maachen, se zouzemaachen.

"Dat ass ganz kloer. Dat hunn ech och oppe gesot. Ech géif och ëmmer erëm gär ënnersträichen, datt dat hei keen Iwwerraschungseffekt ass fir d'Exploitanten: Mir hunn hinnen déi Positioun kloer matgedeelt. Wéi bis am Raum stoung, datt se géifen opmaachen, hu se dat geschriwwe kritt. [...] Mee et ass kloer: Wann et hei net zu engem Accord kënnt, da wäert et zu enger Fermeture kommen."

Laut Gesetz kann d'Gesondheetsministesch dës Decisioun bis zu engem Joer aussetzen.

Fir eng Zesummenaarbecht kéime mam CHL a mat Ettelbréck just zwee Spideeler a Fro, well d'HRS an de CHEM d'Zuel vun Antennen, déi hinnen zoustinn, schonn ausgeschöpft hätten.

Datt d'Käschte vum medezineschen Akt an der Praxis zu Gréiwemaacher vun de Méindeg u géife vun der CNS rembourséiert ginn, wollt d'Ministesch iwwerdeems net confirméieren.