De François Bausch réit dovun of esou Saachen ze maachen, e Grond fir d'Gesetzer ze verschäerfe gesäit hien awer net. Hie betount och, Lëtzebuerg kéint als Staat net fir dat responsabel gemaach ginn, wat eenzel Staatsbierger an enger Krichszon maachen.
"Dat gëtt kee Sënn, well d'Reegele kloer sinn. D'internationaalt Recht ass kloer a mir maachen dat nämmlecht, wat all d'Länner an Europa maachen. An d'Warnunge sinn och kloer vum Ausseministère. Mee et kann een natierlech keen dovun ofhalen Dommheeten a sengem Liewen ze maachen."