Recherche Andreas Fickers: Aarbecht op Tabutheemen net einfach zu Lëtzebuerg

De Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (kuerz C2DH) feiert haut säi fënnefte Gebuertsdag. Deen Zenter huet sech bannent e puer Joer en Numm gemaach, wäit iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus, wéinst senger innovativer Approche a senger Fuerschungs-Method.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Andreas Fickers

Vun de Sujeten hir, konzentréiert den C2DH sech haaptsächlech op Lëtzebuerger Zäitgeschicht a stéisst do heiansdo och Widderstänn, wéi den Direkter vum Zenter, de Professer Andreas Fickers erkläert.

Dat wier zum Beispill de Fall bei engem Tabutheema wéi dem Zweete Weltkrich, dee laang éischter "mythesch a lengendär" iwwerbaut gi wier.

Mee och Fuerschung am Beräich vun der Migratiouns- oder Finanzgeschicht wier schwiereg, sou den Andreas Fickers.

"Aber wenn wir uns Themen nähern wie der Migrationsgeschichte oder auch der Finanzgeschichte, dann ist es nicht immer ganz einfach dazu zu forschen."

Den Ëmgang mat de Quelle wier wéinst dem restriktiven Archivgesetz immens schwiereg. Et géif awer nach weider Schwieregkeete ginn, sou den Andreas Fickers:

"Und zum anderen, weil wir relativ viele public history-Projekte haben, mit Partnern. Da gibt es ab und zu die Tendenz dieser Partner sich in die Interpretation der Forschungsergebnisse einbringen zu wollen. Das müssen wir natürlich zurückweisen. Wir brauchen hier absolut die wissenschaftliche Freiheit bei der Deutung und der Präsentation."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Laura Steil
Zäithistoriker

An der Nokrichszäit a bis an d'60er Joren huet d'Minettmetropol Esch mat hiren Dancinge vill Nuetseilen ugezunn. D'Historikerin Laura Steil beschäftegt sech mat den Dancingen a gëtt en Abléck an hir Fuerschung.

Denis Scuto Meenung
Fräie Mikro

Wat fir eng Strategie musse Lëtzebuerg an d'Grenzregioun am Kader vu Klima-Kris entwéckelen? Déi éischt Resultater vu "Luxembourg in transition 2050" goufe lo presentéiert. Ee Fräie Mikro vum Denis Scuto.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen