Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Initiativ Pipapo: "Nei Cannabis-Reegele sinn e Fortschrëtt"

Drogepolitik

Initiativ Pipapo: "Nei Cannabis-Reegele sinn e Fortschrëtt"

Der Regierung hir Propos fir véier Cannabis-Planzen doheem dierfen unzebauen, wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, seet de Carlos Paulos. Hien ass Responsabel fir d'Initiativ Pipapo, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

auto_stories

2 min

Wann een doheem däerf ubauen, géif dat hëllefen eng ganz Rëtsch vu Leit aus der Illegalitéit ze huelen, esou de Carlos Paulos. Hien hofft awer, datt d'Regierung deemnächst nach méi wäit geet, an och d'Consommatioun vu Cannabis an der Ëffentlechkeet erlaabt. Dobäi misst ee sech u Reegele orientéieren, déi elo scho gëllen, esou de Carlos Paulos.

"Et muss ee koherent ënnert den Droge bleiwen. Dat heescht: Et muss ee sech un d'Gesetzer upassen, déi et scho ginn, wat den Tubak a wat d'Fëmmen ubelaangt. An da muss ee kucken, ob een dat elo nach méi aschränke soll oder net."

Wann ee Cannabis doheem däerf ubauen, géif dat hëllefen eng ganz Rëtsch vu Leit aus der Illegalitéit ze huelen, esou de Carlos Paulos. Hien hofft awer datt d'Regierung deemnächst nach méi wäit geet, an och d'Consommatioun vum Cannabis och deelweis an der Ëffentlechkeet erlaabt. Et misst een analyséiere wéi eng Plaze bäi Fräizäitkonsum passen. Et wier - änlech wéi beim Alkohol a beim Tubak - awer net gutt, wann een iwwerall kéint fëmmen, sou de Carlos Paulos.

"Dat muss een delimitéieren, an dann eppes proposéieren, wat och kann agehale ginn."