Radioen

On air

De Moien  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert am Gespréich

Drogepolitik zu Lëtzebuerg

Paulette Lenert am Gespréich

D'Gesondheetsministesch war ufangs der Woch a Portugal. Do huet Si sech do déi portugisesch Approche an der Drogepolitik erkläere gelooss - e liberale Modell, mat deem elo scho 25 Joer gutt Resultater erreecht ginn. Ass dat e Modell fir Lëtzebuerg? An dësem Gespréich schwätzt si doriwwer, wéi sech hir Vue op dës Thematik verännert huet a wéi sech d'Drogepolitik zu Lëtzebuerg kéint änneren.

auto_stories

3 min

D'Paulette Lenert war rezent a Portugal, fir sech déi portugisesch Approche an der Drogepolitik erklären ze loossen.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert war ufangs der Woch a Portugal. Si huet sech do engersäits déi portugisesch Approche an der Drogepolitik erkläre gelooss, een zweete Schwéierpunkt vun der Rees war d'Visitt vun enger Produktiouns-Anlag fir medezinesche Cannabis. D'Ministesch schléisst net aus, dass an e puer Joer och zu Lëtzebuerg Cannabis ënner staatlecher Kontroll kéint ugebaut ginn, therapeuteschen an esouguer och rekreativen.

D'Ofhängegkeet als eng Krankheet a kee kriminellen Akt gesinn

No hirer Rees a Portugal mengt d'Gesondheetsministesch net méi, datt et Sënn mécht fir an der Drogepolitik nach en Ënnerscheed ze maachen tëscht liichten an haarden Drogen. D'Portugise maachen déi Differenz schonn zanter 20 Joer net méi: An hirer Approche ass d'Ofhängegkeet eng Krankheet a kee kriminellen Akt, onofhängeg dovun ëm wéi eng Drog et sech handelt.

Dofir wëll d'Gesondheetsministesch an der Regierung eng Diskussioun iwwer d'Fro féieren, ob een och an der lëtzebuergescher Politik den Ënnerscheed tëscht liichten an haarden Drogen nach maache soll. Et wiere jo scho Cannabis-Diskussioune ginn an et géing och e Cannabis-Projet am Regierungsrot ginn, mee bis elo wier d'Diskussioun ëm dës Thematik nach net an dëser Form geféiert ginn:

"Ech fannen et awer sécherlech derwäert, datt mir eis domat auserneesetzen. Wat elo dobäi wäert erauskomme kann ech Iech haut nach net soen. Et ass eppes wat mech op der Rees interesséiert huet, ech hunn déi Raisonnementer, déi hei a Portugal geféiert gi sinn, ganz interessant an och logesch fonnt."

Et géing der Gesondheetsministesch awer net drëm goen, déi portugisesch Approche elo direkt eent zu eent zu Lëtzebuerg ze iwwerhuelen:

"Ech mengen, et kann een och an Etappe fueren. Et ass net well een eppes gesäit an engem anere Land, datt een dat dann direkt muss ëmsetze bei sech. Mee ech fannen, et gehéiert an déi ganz Debatt eran, an et ass sécherlech e ganz interessanten Aspekt hei gewiescht."

Zukunft fir Cannabis-Produktioun zu Lëtzebuerg?

Zanter dem leschten Hierscht keeft Lëtzebuerg de medezinesche Cannabis, dee bei eis am Land gebraucht gëtt, a Portugal. Op hirer Rees a Portugal war d'Paulette Lenert sech an deem Kontext de Produktiouns-Site vun der Firma Tilray an der Géigend vu Coimbra ukucken. Dëst ass eng riseg Plantatioun an enger 44.000 Meter carré grousser Hi-Tech-Zär, an där 20 Tonne Cannabis pro Joer recoltéiert ginn.

Och wann d'Zesummenaarbecht mat deem Fournisseur ganz gutt leeft, schléisst d'Paulette Lenert net aus, dass enges Daags och zu Lëtzebuerg medezinesche Cannabis kéint ugebaut ginn. Beim Import hätt een ëmmer erëm Enkpäss gehat, dës Situatioun wier awer elo besser gi well et méi Produzenten um Kontinent ginn. D'Pandemie hätt awer gewisen, dass Lëtzebuerg een Interêt dorun huet, fir Autonomie ze hunn:

"Beim medezinesche Cannabis wär d'Iddi elo déi, einfach d'Rahmebedingungen ze setzen, dass dat méiglech ass. An da bleift ofzegesinn, ob dat e Marché ass, deen interessant ass oder net fir Produzenten. Ech sinn zouversiichtlech, dass Lëtzebuerg do kéint attraktiv ginn. Wat ee méi no Weeër huet wou ee ka kafen, wat et besser ass. Dat huet och hei eng ganz Rei Aarbechtsplaze mat sech bruecht, et kann och vun deem Point de vue aus interessant sinn. Mee nach si mer net do."