Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Steierlaascht fir auslännesch Investisseuren

Finanzsecteur zu Lëtzebuerg

Héich Steierlaascht fir auslännesch Investisseuren

An enger Enquête vun der Audit- a Consulting-Firma EY iwwer d'Attraktivéit vum Standuert Lëtzebuerg geet ervir, datt déi héich Steierlaascht auslännesch Investissementer ohält, a relativ niddereg Lounkäschten awer een Atout duerstellen. Dëst huet de Moien den Olivier Coekelbergs, Managing Partner vun EY zu Lëtzebuerg, am Interview erkläert.

auto_stories

2 min

D'Steierlaascht fir Betriber hei am Land wär en Haaptgrond, deen auslännesch Decideuren dovun ofhält, zu Lëtzebuerg ze investéieren: Dat geet aus enger Enquête vun der Audit- a Consulting-Firma EY iwwer d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg ervir.

Steier-Taux iwwer OECD-Duerchschnëtt

Den Olivier Coekelbergs, Managing Partner vun EY hei am Land, weist drop hin, datt den duerchschnëttleche Steier-Taux fir Entreprisen am OECD-Duerchschnëtt bei 21 Prozent léich, zu Lëtzebuerg awer 24,94 Prozent. Den Olivier Coekelberg seet, datt hei nach kéint eppes gemaach ginn:

"Et dans certains pays, comme l'Irlande, on est plutôt sur 12,5 %. Donc clairement je pense qu'au niveau de ce taux il y a quelque chose à faire si on veut rentrer dans la moyenne des pays de l'OCDE."

Relativ niddereg Lounkäschten

Méi iwwerraschend an der EY-Enquête iwwer d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg ass, datt auslännesch Investisseuren am Finanzsecteur virun allem déi relativ niddereg Gehaltskäschten als Argument uginn, firwat si heihinner komme wéilten. Dat hätt hien awer net onbedéngt iwwerrascht, sou den Olivier Coekelbergs:

"Dans le cadre de notre survey, les gens qui ont été interrogés ont des activités dans d'autres place financières (comme Londres ou New York) également très internationales, avec des activités où parfois les salaires sont encore plus élevés qu'à Luxembourg. Donc peut-être que tout simplement quand ils regardent la big picture de manière plus large, ils ne considèrent pas la problématique coût salarial comme un élément fondamental."


Liest déi ganz Enquête vun EY iwwer d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg hei.