Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Speakers Corner Quartet - Can We Do This? Feat. Sampha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kooperatioun: D'ONGe fuerderen e Mindestbudget vum Staat

Entwécklungszesummenaarbecht

Kooperatioun: D'ONGe fuerderen e Mindestbudget vum Staat

Den Daachverband vun den Entwécklungs-ONGe fuerdert, datt de Staat den ONGen all Joer e Mindestbudget zur Verfügung stellt, egal wéi d'Wirtschaft sech entwéckelt.

auto_stories

2 min

D'Direktesch vum Cercle de Cooperation seet, et wier ideal, wann de staatleche Budget fir d'Entwécklungshëllef net méi un déi national Wirtschaftsleeschtung gekoppelt géif ginn. Am Moment ass dat nämlech de Fall, an doduerch géifen d'ONGe manner staatlech Suen kréien, wann d'Wirtschaft méi lues dréit, esou d'Nicole Ikuku.

Si mécht och drop opmierksam, datt an de leschten zwee Joer manner Sue fir Entwécklungsprojete baussent gespent goufen.

"Et gesäit een, datt d'Leit wärend der Pandemie natierlech méi fir Lëtzebuerg ginn hunn, wat och ganz normal ass. An elo mam Ukrain-Krich ruffen d'ONGen natierlech och vill méi op fir fir déi Regioun ze spenden. Mee bon, et sinn och aner Krisen, déi ee wierklech net soll vergiessen."

Weider alles maachen fir den ONGen ze hëllefen

Direktesch vum Cercle de Coopération betount awer, datt bis elo trotz manner Done keng ONGen hätte missten zoumaachen.

D'Nicole Ikuku warnt och, datt ONGen an absolutten Zuele vill Sue wäerte verléieren, wann d'Wirtschaft ufänkt méi lues ze dréinen. Dat wier deelweis scho wärend der Pandemie de Fall gewiescht. De Ministère hätt dee Moment awer déi néideg Flexibilitéit gewisen "a wierklech alles probéiert huet fir datt bei den ONGen net gestrach gëtt".