De Cactus-Direkter seet, den Index-Mechanismus géif zanter den 80er Joren zu dem ekonomeschen Ëmfeld gehéieren, a wann eng Indextranche erfale géif, da géif een déi bezuelen.
Fir seng Entreprise wär et och "verkraftbar", dëst Joer eng Tranche auszebezuelen, esou de Laurent Schonckert - och wann dat mat grousse Käschte verbonne wär:
"Dat sinn 2,5 Prozent Lounkäschte méi (...) fir datt een och e bësse weess wat eng Indextranche fir eng Firma wéi eis duerstellt: Dat ass ewéi wa mir 100 Leit op ee Coup géifen astellen."
Wann duerno awer nach e puer weider Indextranchë bannent kuerzer Zäit erfalen, géif dat d'Lëtzebuerger Ekonomie viru grouss Schwieregkeete stellen, esou nach de Laurent Schonckert:
"Déi véier oder fënnef Indextranchen, déi elo am worst case sollen erfalen, schénge mir net nëmme fir ons, mee fir d'Gesamtwirtschaft hei zu Lëtzebuerg e grousse Sujet ze sinn."