Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: "Et goung drëm de Leit séier ze hëllefen"

Tripartite

François Bausch: "Et goung drëm de Leit séier ze hëllefen"

De grénge Vizepremier hëlt den Tripartitesaccord viru Kriticken a Schutz. Et wier drëm gaangen, de Leit séier ze hëllefen, seet de François Bausch am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

De François Bausch ass grénge Vizepremier

De Manktem u sozialer Selektivitéit vun de Mesurë wier der Urgence vun der Situatioun geschëlt, grad ewéi d'Deckelung vun de fossillen Energiepräisser, seet de Vizepremier.

"Mir mussen elo fir d'éischt emol déi nächst Méint de Leit ganz rapid hëllefen, datt dat net ausufert. An da musse mer eng Léier heiraus zéien - well wat ass dat Ganzt hei? Den Ukrainkrich, dee ganze Konflikt, d'Energiekris: dat ass d'Resultat vun der Ofhängegkeet vun de fossillen Energien. Mir si wéi Junkië ginn, mir hänken um Baxter vun deene fossillen Energien. An dobäi gëtt et Alternativen!"

Steierreform: Theema fir de Walkampf

De François Bausch geet dovunner aus, datt eng selektiv Steierreform Haapttheema vun der Walcampagne wäert ginn.

"De Walkampf steet virun der Dier, d'Wale sinn d'nächst Joer am Oktober. D'Schold ofbauen, dat kënnt ab der nächster Legislaturperiod. Well bis de Summer si mer, mengen ech, domat beschäftegt, wéi mer aus der Kris erauskommen."

Am Walkampf wier et dann un all Partei "Faarf ze bekennen", wéi d'Schold ofgebaut soll ginn. Déi gréng hätten eng kloer Positioun, seet de François Bausch:

"Recetten an Depensë musse gekuckt ginn, a wann et noutwenneg ass muss och un de Recettë geschafft ginn. An da muss doru geschafft ginn, datt effektiv déi staark Schëllere (wéi een et ëmmer sou schéi seet) méi musse kënnen droe wéi déi schwaach."