Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimawandel: Firwat lieft de Mënsch esou inkonsequent?

Ëmweltpsychologie

Klimawandel: Firwat lieft de Mënsch esou inkonsequent?

Firwat ënnerhuele mir net méi géint de Klimawandel obscho mer wëssen, datt en eis an eng Katastroph féiert? Mat deem Paradox beschäftegt de Gerhard Reese sech schonn zënter Joren. Den Ëmweltpycholog ass haut Donneschdeg, am Kader vun der Joreskonferenz vum europäesche Klimabündnis zu Lëtzebuerg. Dat inkonsequent Verhale vun de Leit hätt mat Gewunnechten, Confort, Konsumzwang ze dinn - awer net nëmmen, sou d'Diagnos vum Professer vun der Uni Koblenz-Landau.

auto_stories

1 min

Fir konkret eppes ze ännere bräicht et e Wandel vun de Wäerter bei der Populatioun.

"[...] dass wir uns als Individuen, als Bürgerinnen und Bürger überlegen, was wollen wir eigentlich? Welche Bedürfnisse möchten wir befriedigen?"

D'Politik an den Eenzelne si gefuerdert

Et misste sech och sougenannt Communitites schafen, Leit also, déi zesumme Verännerungen ustoussen an déi Verännerunge liewen. Donieft bräicht et awer och eng politesch Féierung, déi d'Klimakris eescht hëlt an entspriechend Verhalensweisen dauerhaft méi liicht mécht. Leschten Enns misst d'Politik mat enger Mëschung aus Reegelen en Ureizer dofir suergen, datt d'Leit sech méi Klima-gerecht verhalen, sou de Gerhard Reese.

De gréisste Probleem wier et, datt et fir déi meescht Leit méi einfach a méi gënschteg ass fir net klimaschounend ze liewen. "Und da müssen wir an die Hebel ran, die uns auch unterstützen, enstprechend zu agieren", sou den Ëmweltpsycholog.