Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Patt an Éieren

Fräie Mikro

De Patt an Éieren

"Et gëtt ëmmer eng besser Léisung" wéi sech alkoholiséiert hannert d'Steierrad ze setzen, heescht et an der neier Campagne vum Transportministère an der Sécurité Routière, déi sech un de grand public riicht, un all Alterskategorien also, net nëmmen déi jonk Chaufferen. Fakt ass, datt d'Kollisiounen ënner Alkoholafloss no der Pandemie eropgaange sinn an d'Bereetschaft alkoholiséiert ze fueren nach ëmmer ze grouss ass.

auto_stories

3 min

D'Isabelle Medinger ass d'Directrice vun der Sécurité Routière.

"De Patt an Éieren", do si mer eis zu Lëtzebuerger eens. Et ass deen 2. Deel vum Saz "ma looss dech féieren", mat deem mer eis Problemer hunn. Dat klappt nach laang net ëmmer an nach laang net jidderee fillt sech ugesprach.

An der Erwuessenewelt gëtt weiderhin nach oft dat virgelieft, wat mer deene Jonke wëllen ausdreiwen. De RAOUL, de Chauffer fir den Owend, ass bei ganz ville Jonken esou eng Selbstverständlechkeet wéi bei hiren Elteren a Grousselteren den Éierewäin.

Am alldeegleche soziale Liewen, gëtt et awer nieft de besseren Alternative sech féieren ze loossen, genee sou vill falsch Entschëllegunge mat ze vill Promill hannert d'Steier ze klammen. Trotz den explizitte Fakten a Statistiken.Trotz de physeschen Evidenzen, an de physikalesche Grenzen. Ass Alles gewosst! Mee.... haut si bestëmmt keng Kontrollen an ech maache lues fir heem. D'Angscht virun der Kontroll ass nach ëmmer méi héich a gräifbar wéi virun enger Kollisioun.

"Ugeheitert hannert d'Steier ze klammen, ass et eigentlech net akzeptabel"

Eist soziaalt Ëmfeld, ass och no der Upassung vun dem legale Grenzwäert vu 0,5 Promill deelweis nach iwwerméisseg tolerant. Souguer an der Aarbechtswelt, wou den Alkohol komplett Tabu misst sinn, ass e "vin d'honneur" zum Ofschloss eng kaum ewechzedenken Traditioun. Mee komplett doniewent eigentlech. Soll dann elo all conviviale Moment ofgeschaaft ginn? Wa convivial heescht duerno ugeheitert hannert d'Steier ze klammen, ass et eigentlech net akzeptabel. Et ass carrement inacceptabel, mee dat kënnt schwéier iwwer d'Lëpsen.

Mol dovun ofgesinn, datt dat den Éierewäin och verre de l'Amitié genannt kéint ginn an deemno net schonn an der Invitatioun mat Wäi verbonnen wier. A virun allem net mat Éier.

Mee dat sëtzt nach déif an eiser Traditioun.

Bei de legislative Mesuren nobesseren

Wéi 2007 d'Promillgrenz erofgesat gouf, hu verschidde Beruffsgruppen Alarm geschloen. Deemools souguer och déi fräiwëlleg Rettungsdéngschter, mam Argument, datt da bei den Duerffester oder aneren Manifestatiounen keng Rettungskräften méi disponibel wieren. Haut géif kee sech méi trauen an der Ëffentlechkeet esou eng Ausso ze maachen, an net nëmmen well et elo anescht gereegelt a professionaliséiert ass.

All legislative Mesurë léiere sech mat der Zäit e bëssen aus an et muss nogebessert ginn. Déi nei Campagne soll als piqûre de rappel verstane ginn. Mir wëllen net nokucke wéi sech déi schlecht Gewunnechten nom Éierewäin erëm abiergeren, beim sougenannten Duerchschnëttsbierger.

Iwwer nei Mesuren nodenken

Mir stellen nämlech och fest, datt déi wierklech schwéier Iwwerschreidungen net ofhuelen an iwwer Jore konstant héich bleiwen. Bei iwwer 1,2 Promill verléiert een ëmmerhi sechs Punkten an et kritt een ob der Plaz de Permis ofgeholl. Dat war d'lescht Joer méi wéi 1200 mol de Fall, also 3 bis 4 Permisen den Dag. Do gehéiert schonn eng gewëssen deliktuell Energie dozou.

Vläicht wier et un der Zäit, fir méi geziilt och ob déi héich a meeschtens vu Recidiviste begaangen Iwwerschreidungen oder verursaacht Accidenter virzegoen. Den Alcolock, dee System dee verhënnert, dat d'Gefier demarréiert wann Alkohol an der Otemloft ass, kéint eng wichteg Mesure si fir hei dogéintzesteieren.