Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Ekonomie am Joer 2050: Grand Public ka Virschléi maachen

Lëtzebuerg 2050

Lëtzebuerger Ekonomie am Joer 2050: Grand Public ka Virschléi maachen

De Wirtschaftsministère sammelt vun haut u Virschléi, wéi d'Lëtzebuerger Ekonomie sech bis 2050 soll entwéckelen. Op eco2050.lu fënnt een dofir en Online-Questionnaire, dee sech un de Grand Public adresséiert. D'Äntwerten, déi erakommen, sollen hëllefen, eng laangfristeg Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft auszeschaffen.

auto_stories

1 min

D'Pascale Junker war haut Invitée vum Dag.

D'Pascale Junker, déi sech ëm de Projet këmmert, erkläert datt fir dës laangfristeg Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft ze plangen, ee sech verschidde Froe stelle misst:

"Wat huele mir fir de Klimawandel ze bekämpfen? Maache mir gréng Infrastrukturen, gro Infrastrukturen, setze mir op den Geo-Engeneering oder wat maache mir? Oder maache mir einfach weider bis elo, a soen esou schlëmm kann et jo net kommen, dofir iwwerloosse mir anere Länner dat!"

D'Pascale Junker ënnersträicht awer och, datt d'Cohésion sociale an territoriale ee vun de Prinzippie wier, deen an all Zenarie misst héichgehale ginn.


Op eco2050.lu fënnt een den Online-Questionnaire vum Projet.