Radioen

On air

Moiesstudio  |  Jamila Woods - Boomerang

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Alphabetiséierung op Franséisch - "zesumme wuessen!"

Webinar

Alphabetiséierung op Franséisch - "zesumme wuessen!"

Mam Alphabetiséiere fänkt eng Schoulkarriär un. Dëst Fundament soll gutt geluecht sinn, fir datt et dono all weidert Wësse ka sécher droen. Laang Zäit gouf an de Schoulen zu Lëtzebuerg op däitsch alphabetiséiert. Well awer wäit iwwer 60 Prozent vun de Kanner déi an d'Schoul kommen eng aner Éischtsprooch hunn wéi d'Lëtzebuergescht ass driwwer nogeduecht gi fir d'Alphabetiséierung och op franséisch unzebidden.

auto_stories

1 min

"Zesumme wuessen!" heescht de Pilotprojet, dee vun der leschter Rentrée un (2022/2023) a 4 Schoulen ugelaf ass. No bal engem Schouljoer kann een also éischt Erfarungen deelen, Froen déi sech virun dëser Rentrée gestallt hunn beäntwerten, an natierlech de Bléck an d'Zukunft geheien: ob den C3, deen zu Schëffleng vun der Rentrée 2024/2025 wäert franséisch alphabetiséiert weidergoen.

Firwat ass eng Alphabetiséierung, déi sou no wéi méiglech un déi staark Sprooch vum Kand erukënnt, wichteg?
Wat bréngt et de Schüler? An dem Léierpersonal?

Fir och iwwer d'Thema Alphabetiséierung fir Kanner mat logopedesche Schwieregkeeten ze schwätzen, d'Progressioun vum Projet "zesumme wuessen" ze diskutéieren a Stëmmen ze héieren déi de Projet ëmsetzen, ass de Webinaire den Donneschdeg, 29. Juni 2023 vu 14.00 bis 15.30 Auer um Radio 100,7.


Gäscht am Studio sinn:

  • Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopedie
  • Lynn Lagodny, Coordinatrice vum Projet "zesumme wuessen!"
  • Philippe Kloos, Direkter EF Regioun Suessem
  • Sarah Scholtes, Léierin am C2.1 zu Schëffleng