Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "2024 wäerte mir wierklech en Effektiv um Terrain gesinn"

Henri Kox

"2024 wäerte mir wierklech en Effektiv um Terrain gesinn"

Op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL war et d'Conclusioun, datt d'PolizistInne sech vun der Politik am Stach gelooss fillen. Um Rand vum Lancement vun enger neier Recrutementscampagne, déi ënner dem Motto "Well si dech brauchen, brauche mir dech" leeft, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox op d'Kritik reagéiert.

auto_stories

2 min

Vun Enn Oktober bis Enn November leeft déi drëtt Recrutementscampagne fir 200 weider PolizistInnen anzestellen. Hir Ausbildung dauert dann zwee Joer: en éischt, theoretescht Joer an der Policeschoul, an e weidert, Praxis-orientéiert Joer um Terrain.

"Well si dech brauchen, brauche mir dech"

Um Rand vum Lancement vun dëser Campagne, déi ënner dem Motto "Well si dech brauchen, brauche mir dech" leeft, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox op d'Kritik reagéiert, déi gëschter Owend bei der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL formuléiert gouf.

Hie wier frou gewiescht, wann d'Policegewerkschaft sech esou vehement virun e puer Joren agesat hätt, sot den Henri Kox:

"Do hätt se [d'Kritik] éischter besser geklonge wéi haut, wou mir massiv an dem Rekrutement sinn. 23 wäerte mir eng Stabiliséierung kréien. A 24 wäerte mir wierklech en Effektiv um Terrain gesinn, wou d'Presenz dann och visibel wäert ginn"

Dem Henri Kox seng Reaktioun lauschterenplay_arrow

Rekrutement a Moyene géifen adresséiert ginn

D'Regierung hätt den Defizit um Personal erkannt, a géif ganz intensiv um Rekrutement schaffen, awer och un de néidege Moyenen, esou den Henri Kox.

Dat géif een zum Beispill un der Gesetzespropose iwwer d'Bodycams gesinn, awer och un Infrastrukturen: esou géif d'Policeschoul eng nei Sportshal kréien, déi soll am Januar fäerdeggestallt sinn.

Mee den A an O vum Beruff wier déi néideg Ausbildung, seet den Henri Kox, an déi géif zwee Joer daueren. 200 nei Poliziste solle bei all Rekrutementscampagnen ausgebilt ginn.

Néidege Renfort an Entlaaschtung erhofft

Bei den zwou éischte Campagnen hätten sech eng 700 Kandidate gemellt. Dowéinst géif hien de Beruff vum Polizist méi positiv gesinn, seet den Henri Kox. Et wiere sécherlech eng Rei vu Problematiken do, mee hie wéilt awer drun erënneren:

"Bei de Manifestatioune waren all Weekend 400 Polizisten um Terrain. Dat huet natierlech Iwwerstonne generéiert, déi schwiereg sinn ofzebauen. An dofir hoffen ech, datt mir, wann déi éischt Well d'nächst Joer op den Terrain kënnt an déi zweet Well 24, datt déi néidege Renfort an Entlaaschtung um Terrain ukomm ass."

De Rekrutement fir d'Police misst awer och weidergefouert ginn, esou nach de Minister fir bannenzeg Sécherheet: D'Rekrutementswell vun 2024 wier vun der aktueller Regierung garantéiert, mee och déi nächst Regierung misst nach eng fënneft a souguer sechst drunhänke mengt den Henri Kox.