Radioen

On air

Notturno  |  Louis Cole - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 220 Milliounen fir den Ausbau vum Zuchtraffik mat Frankräich

Zuchtraffik

220 Milliounen fir den Ausbau vum Zuchtraffik mat Frankräich

Vun 110 op 220 Milliounen Euro klëmmt de Lëtzebuerger genee wéi och de franséischen Undeel un dëser Finanzenveloppe. Et geet ëm den Ausbau vum Eisebunnscouloir tëscht Metz an der lëtzebuergescher Grenz. Geplangt sinn adaptéiert Garen déi méi Leit an méi grouss Zich kënnen ophuelen. Och déi elektresch Infrastruktur muss ausgebaut ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Mobilitéitsminister François Bausch erkläert, datt wann d'Investissementer bis do wieren, kéint zum Beispill op der Streck Thionville-Lëtzebuerg eng Zuchkadenz sinn, an där an de Spëtzestonnen, all siwe Minutten een Zuch géif kommen. Dat wier ee Service deen dozou bäidréit, datt an Zukunft vill manner Leit, déi aus Frankräich op Lëtzebuerg schaffe kommen, mam Auto géife kommen, mee den ëffentlechen Transport benotze géifen.

Gréng Luucht fir ee Finanzéirungsgesetz vun de Schoulbusser

Gréng Luucht gouf et och fir ee Finanzéierungsgesetz mat dem de Service vun de Schoulbusser bis 2028 landeswäit soll garantéiert ginn. 180 Milliounen Euro sinn hei fir d'Kontrakter mat de Prestatairë virgesinn. De Schoultransport gëtt wéinst der Spezialiséierung vun de Schoulen ëmmer méi komplex. Dee Reseau soll onofhängeg vum RGTR-System funktionéieren.

Den CSV Deputéierte Serge Wilmes gesäit hei eng Benodeelegung vun de Landgemengen.

Déi Gemengen déi dacks grouss Flächen awer wéineg Awunner hätten, vill méi héich Käschten hätte fir déi ganz Basisinfrastruktur en place ze setzen a Reseauen a Stroossen ze ënnerhalen. Sou géife rëm zousätzlech Käschten op een duer kommen, dat fir d'CSV net ze acceptéiere wier, erkläert de Serge Wilmes.

Ugeholl gouf och ee Projet mat dem eng international Konventioun iwwer de Stroosseverkéier ofgeännert gëtt. Domadder kritt dat sougenannten automatiséiert autonoomt Steiere vun engem Auto ee gesetzleche Kader.