Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 23.000 EU-Auslänner hu sech ageschriwwen

Europawahlen 2019

23.000 EU-Auslänner hu sech ageschriwwen

Ronn 12 Prozent vun den Net-Lëtzebuerger hu sech fir d'Europawahlen am Mee ageschriwwen. Dat sot eis den Direkter vum CEFIS, dem Centre d'étude et de formation interculturelles et sociales. Deen Taux ass géintiwwer vun de leschten Europawahle konstant bliwwen.

auto_stories

2 min

Bei deenen Zuele misst een awer a Betruecht zéien, datt déi auslännesch Populatioun an de Joren zanter 2014 och staark gewuess ass, sou den Direkter vum CEFIS, de Sylvain Besch, Donieft hätt een och zanter 2008 d'Gesetz vun der duebeler Nationalitéit. 20.000 Leit hunn zanter 2014 déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl, och dëst hätt e groussen Impakt op de Corps électoral.

Vill Leit, déi virdru bei den Europa- oder Gemengewahle schonn ageschriwwe waren, wieren elo op der Lëscht vun de Lëtzebuerger. Op dëser Lëscht hätt et am Januar a Februar 4.138 Nei-Aschreiwunge ginn. Dat géifen 19 Prozent vun deene Leit ausmaachen, déi sech 2014 bei den Europawahlen ageschriwwen hunn, esou de Sylvain Besch.

D'Campagne "Gitt wielen!" hätt iwwerdeems drop opmierksam gemaach, datt een nieft der Optioun fir sech zu Lëtzebuerg op d'Wielerlëschten anzeschreiwen och kéint a sengem Heemechtsland wielen. Déi Zuelen hätt een net, do misst een ofwaarden, wéi vill EU-Auslänner hei am Land sech dofir decidéiert hätten an hirer Heemecht ze wielen, esou de Sylvain Besch.

Am Ganze si bei dësen Europawahlen de 26. Mee iwwer 260.000 Lëtzebuerger wahlberechtegt. De Grand-Duché huet sechs Sëtz am Europaparlament ze gutt.


Detailer vum Paule Rodesch:

Lauschterenplay_arrow