Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 24. Walfer Bicherdeeg

Kultur

24. Walfer Bicherdeeg

Den Optakt vun de Walfer Bicherdeeg mécht mëttwochs owes e Vernissage mam Numm "Landscapes". Zesummegestallt gouf dës Expo vu Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers a vun de Walfer Fotofrënn, déi Portraite vu verschiddenen Auteure gemaach hunn. Dat Ganzt am Kontext vum Lëtzebuerger Buchpräis, esou d'Claudine Trauden vun der Walfer Gemeng.

auto_stories

2 min

Den Donneschdeg, de 15. November ginn d'Gewënner an den dräi Kategorië Literatur, Kanner- a Jugendbuch a Sachbuch/Beaux livres ausgezeechent. E Präis, deen zanter zwee Joer vun engem Jury decidéiert gëtt. D'Lieserinnen a Lieser konnten awer och dëst Joer mat wielen an esou gëtt et dann och de Publikumspräis.

Dat grousst Buchfest mécht seng Dieren iwwer de Weekend vum 17. November fir de grousse Public op. Wéi zanter 24 Joer sinn d'Walfer Bicherdeeg eng Geleeënheet, net just Occasiounsbicher ze kafen, mee och Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun mat hire Wierker kennenzeléieren.

Nieft de Stänn vun den Editiounshaiser sinn och eng Rei Liesunge fir Grouss a Kleng programméiert; zum Beispill d'Hall 3. Mat Spill a Lecture gëtt de Kanner Appetit op Literatur gemaach.

Beats and Bites

A Propos Appetit - och hei ass natierlech fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Aussergewéinlech ass vläicht d'Geleeënheet fir aussereuropäesch Spezialitéite kennenzeléieren.

"Mir wëlle vun Integratioun schwätzen a mir wëllen de Sujet vun orientaleschen Aflëss mat eranhuelen. Fir Musek suergt eng Trupp Captain Stambolov vu Lyon. Dat ass eng Première hei zu Lëtzebuerg. D'Richtung geet an d'Balkan Beats, dat heescht e bësse Stroossemusek, Blosinstrumenter, déi fir eng super Ambiance wäerte suergen. A fir deem Ganzen de richtege Kader ze ginn, gëtt et eng Kollaboratioun mat engem Restaurant, dee mat Refugiée schaffen.

E weidere Partner sinn d'Organisateure vun der Nuit des Lampions. Do gëtt d'Aarbecht vun de Refugiéë mat der Aarbecht vun Ateliers protegés zesummebruecht a presentéiert. "Fir den Owend Eastern Beats and Bites wäert natierlech eng ganz speziell Ambiance sinn, mat de Lampione bannen", seet d'Claudine Trauden.

Verschidden Themeberäicher ginn ofgedeckt

D'Claudine Muno an den Tullio Forgiarini sinn dëst Joer ausgewielt fir d'Autoreresidenz. Do kritt de Publikum d'Geleeënheet mat der Claudine Muno de Wee vum Text zum Lidd kennenzeléieren a mam Tullio Forgiarini de Suspens ronderëm de Roman noir ze sichen, ze erfannen an nidderzeschreiwen.

Et sinn natierlech och vill Liesunge fir Erwuessener programméiert. An do soll ee sech net täusche loossen, et gëtt och zu Lëtzebuerg Schrëftstellerinnen, déi Erwuesseneliteratur schreiwen, och wann hei just eng hiert Wierk virstellen däerf: D'Elise Schmit liest sonndes mëttes aus hirem Kuerzgeschichteband: "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen".

Ofgeschloss ginn d'Liesunge mam Wierk "Mit den Haien streiten. Frauen und Gender in Luxemburg seit 1940." Theme ronderëm 1968 an d'Männlechkeet am Wandel ginn hei ervirgehuewen.