D'Iddi ass zu Roubaix a Frankräich entstanen, wou Bierger opgeruff goufen hiren Offall ze reduzéieren. Fir den Zero waste challenge gi 15 Stéit gesicht, déi sech dozou verflichten, wärend dräi Méint hir gro Dreckskëscht ze weien an 30 Prozent manner Dreck ze produzéieren.
Prioritär Offall vermeiden
Et geet virun Allem drëm all Offall ze vermeiden a net just ze recycléieren. Natierlech bleift den Tri ganz wichteg, mä déi Läit déi an deem Challenge matmaachen, maachen dat och well se motivéiert sinn hir Akaf a Konsumgewunnechten ze änneren an op Verpackungen a Produiten, déi ee just ee Mol benotzt, ze verzichten, betount d'Isabelle Schummers vum Oekozenter Pafendall.
An de Supermarchéë kritt ee Biowueren ze kafe wéi Geméis an Uebst, mä déi sinn ëmmer eenzel agepaakt. Dat heescht wann ee Bio wëllt consomméieren, dann ass et méi schwiereg fir preventiv op Plastik ze verzichten. Supermarchéen, déi souwuel Bio wéi och konventionell produzéiert Wuere verkafen, mussen dem Client kënne garantéieren, datt et sech effektiv em Bioproduiten handelt. Supermarchéë kënnen do net aneschters handelen, seet d'Isabelle Schummers.
Een Zil vum Zero Waste Challenge ass et och d'Schwieregkeeten opzedecken, déi et bei der Vermeidung vun Offall gëtt. Natierlech kann een seng Biowueren och direkt beim Produzent kafen, op engem Maart oder a Biobutteker, déi hiert Uebst a Geméis onverpaakt ubidden, betount d'Isabelle Schummers.
625 Kilo Offall pro Persoun a pro Joer
Lëtzebuerg läit mat 625 Kilo un Offall pro Persoun a pro Joer europawäit un der Spëtzt. Ronn een Drëttel dovunner si Verpackungen. Mat enger Ännerung vun de Konsumgewunnechte kéint ee Villes änneren, seet d'Isabelle Schummers.