Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 35.000 nei däitsch Impfzenteren

Däitschland

35.000 nei däitsch Impfzenteren

An Däitschland dierfen zanter dëser Woch och d'Hausdoktere géint de Coronavirus impfen. Ronn eng Millioun Impfungen d'Woch sollen esou gemaach kënne ginn - an domat dee luesen Impfstart an Däitschland ënnerstëtzt ginn. Mee et bleiwen Onkloerheeten.

auto_stories

2 min

Datt et mat den Impfungen an Däitschland net optimal ugelaf ass, léisst sech schwéier vun der Hand weisen. 3,5 Méint nom Ufank vun der Campagne hunn eréischt knapps fënnef Prozent vun der Populatioun eng vollstänneg Impfung - also zwou Dosissen - krut. Net genuch, sou ass de Konsens.

Dat soll sech elo änneren: 35.000 Hausdokteschen an Hausdokteren impfen vun dëser Woch un an hire Praxisse géint de Coronavirus. An engem éischte Schrëtt sollen si knapps eng Millioun Dosen d'Woch geliwwert kréien, an der Moyenne kann all Dokter domat 26 Patientinnen a Patienten d'Woch impfen. En däitleche Schrëtt no uewen am Verglach zu den Zuelen, déi bis elo aus de 430 offiziellen Impfzentren kommen.

Haaptsächlech BioNTech/Pfizer gëtt verimpft

Mee et sinn der nach ëmmer net genuch. Där Meenung ass jiddwerfalls d'Vereenegung vun den Hausdoktere selwer. Pilotprojeten aus de leschte Wochen hätte nämlech gewisen, datt a private Praxisse bis zu 100 Mënschen d'Woch kéinte geimpft ginn. Souguer wa méi Impfdosen do wieren, dann kritt eng Hausdoktesch oder en Hausdokter am Moment héchstens 50 Dosisse pro Woch.

D'Hausdokteschen an Hausdokteren impfen momentan exklusiv mam Vaccin vu BioNTech/Pfizer. Dee gëtt an Däitschland am Moment am meeschte geliwwert. Vun Enn Abrëll un soll dann och AstraZeneca verimpft ginn. Well momentan sou vill Onsécherheet iwwert d'AstraZeneca-Impfung herrscht, kritiséieren d'Hausdokteren, datt et méi kloer Uweisungen misst ginn, wien finalement wei een Vaccin kritt. D'Patienten wäerten awer keen Afloss drop hunn oder decidéiere kennen, wei een Impfstoff si kréien, heescht et vum däitsche Gesondheetsministère.

De groussen Ënnerscheed zu der momentaner Impfcampagne ass, datt d'Hausdokteschen an Hausdokteren liicht vun der nationaler Strategie kennen ofwäichen. D'Prioriséierung vun eeleren Leit a Leit mat Virerkrankungen bléift zwar weiderhi bestoen, allerdéngs sinn d'Hausdokteren méi fräi an hirer Wiel, wat mat iwwreg gebliwwenen Impfungen geschitt.

D'Impfstrategie beschleunegen

Besonnesch do, wou Impfstoff riskéiert, wechgeheit ze ginn, kënnen d'Dokteschen an Dokteren geziilt Patienten kontaktéieren an hinnen eng spontan Impfung proposéieren. De Verband vun den Hausdokteren réit de Leit, sech via E-Mail beim Medezinner vun hirem Vertrauen ze mellen. Et gëtt nämlech keng zentral Plaz, wou d'Rendezvouse verdeelt ginn. Dofir ass all Praxis eenzel zoustänneg.

D'Hoffnung besteet also zu Recht, datt de luesen Impfprozess elo u Geschwindegkeet kéint gewannen. Nach leien an Däitschland ronn véier Milliounen Impfungen onbenotzt ronderëm. Och vir d'Vertraue vun de Leit zréckzegewannen, muss dee Réckstau elo séier verimpft ginn.