Radioen

On air

De Moien  |  Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 36 vun 60 Deputéiert och an engem Gemengerot

Politesch Duebelmandater

36 vun 60 Deputéiert och an engem Gemengerot

D'duebel Mandater vu Chamber-Deputéierten a Gemenge-Conseillere sollen ofgeschaaft ginn. Dat haten déi dräi Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng 2013 an hire Wahlprogrammer stoen. Well an dëser Legislaturperiod näischt un der Reegelung fir d'Duebel-Mandater geschitt ass, wäerte bei de Gemengewahlen nees vill Deputéiert op enger Lëscht vertruede sinn.

auto_stories

3 min

Foto: Chambre des Députés

D'Ofschafe vum Duebelmandat hätt ee schonn am Wahlprogramm vun 2013 stoe gehat, seet den DP-Generalsekretär Marc Ruppert. Dat wier awer vun Ufank un un zwou Konditioune gebonne gewiescht: D'Fuerderung vun engem Vollzäit-Buergermeeschter, virun allem an de grousse Gemengen. An eng Erhéijung vum Congé politique. "Fir och den Aufgabe gerecht ze ginn, deenen een an de Gemenge muss nokommen. Wann déi zwou Konditiounen erfëllt sinn, kann een driwwer nodenken, fir déi Trennung virzehuelen."

Reorganisatioun vun de Gemengen

D'Aféiere vum Vollzäit-Buergermeeschter wier eng vun de Viraarbechten, déi misste geleescht ginn, seet och de President vun déi gréng, Christian Kmiotek. D'CSV wéilt net nëmmen d'Buergermeeschtere stäerken, mä och d'Gemengen, seet den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. Hie plädéiert fir eng Reorganisatioun vun de Gemengen. "Mir stäerken d'Gemengen a mir suergen dann dofir, datt de Bierger an all Gemeng déi selwecht Servicer kann erwaarden. Da kënne mir och driwwer diskutéieren, wéi mir déi politesch Mandater nei organiséieren."

Och de Christian Kmiotek fënnt, datt d'Gemengen am Moment ze kleng wieren, fir een haaptberuffleche Buergermeeschter. Et kéint een d'Gemengen awer net forcéieren, fir ze fusionéieren. D'CSV géif och d'Ofschafe vun Duebelmandater fuerderen, mä et missten awer och Gemengefusioune kommen. Wann een déi duebel Mandater vu Chamber-Deputéierten a Gemenge-Conseillere géif ofschafen, géif een d'Expertise vun de Politiker um nationale Niveau verléieren, warnt de Christian Kmiotek. Fir dat z'evitéieren, kéint een eng Chambre communale schafen.

Konkret huet awer nach keng vun de Parteien eppes an d'Weeër geleet, fir de Vollzäit-Buergermeeschter oder d'Stäerke vun de Gemengen ze realiséieren.

Politesche Suizid?

D'Parteie kéinten och intern entscheeden, datt hir Politiker net méi gläichzäiteg an der kommunaler an an der nationaler Politik aktiv dierfe sinn, seet den ADR-Partei-President Jean Schoos. Eigentlech missten d'Parteien net drop waarden, datt d'Duebelmandater gesetzlech verbuede ginn.

Dat wier awer net esou einfach, seet de Christian Kmiotek. Am Wahlkampf kéint een als Partei net op seng bekannte Leit verzichten. Dat wier politesche Suizid. Wann d'Parteien awer ëmmer nees op déi etabléiert Leit zréckgräifen, géif een dem politesche Nowuess keng Chance ginn, fir sech ze beweisen, sou de Jean Schoos.

Déi dräi Regierungsparteien hätten de Moment keen Interessi, fir eppes un der Situatioun ze änneren. Soss misste si sech selwer beschränken, seet de Spriecher vun déi Lénk, Gary Diderich. "Ech denken, datt do einfach ze vill eegen Interesse sinn. Vun den dräi Parteie sinn ze vill Leit an der Chamber, déi an engems an engem Schäfferot sinn."

Aarbecht vum Buergermeeschter

An engem Punkt sinn d'Parteie sech awer eens: Wann d'Duebel-Mandater sollten ofgeschaaft ginn, da misst dat net d'Gemenge-Conseillere betreffen. Dës Mandater wiere vum zäitlechen Opwand hier mat der Tâche als Chamber-Deputéierte kompatibel.

Bei Buergermeeschteren oder Schäffe wier den Aarbechtsopwand awer sou grouss, datt eng vun den zwou Tâchen ze kuerz géif kommen, seet de Jean Schoos. D'Aarbecht vum Buergermeeschter géif ëmmer méi komplex ginn. "Ech verstinn net, wéi een zum Beispill Buergermeeschtesch oder Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg ka sinn an dann nach Vollzäit-Deputéierten. Entweder maachen ech déi oder déi aner Aarbecht net zu 100 Prozent."

Am Oktober nees vill Duebel-Mandater

Et misst een awer och bedenken, datt Deputéiert, déi kee Mandat an engem Gemengerot hätten, och aner Aktivitéite mat der Politik zäitlech ënnert een Hutt brénge missten, sou de Laurent Zeimet. Als Deputéierten hätt een 20 Stonne Congé politique fir seng Aarbecht als Deputéierten ze maachen. Et géifen an der Woch also nach Stonnen iwwereg bleiwen, wou ee sengem anere Beruff nokomme géif. Do misst ee kucken, wéi ee sech géif organiséieren.

Well an dëser Legislaturperiod näischt un der Reegelung fir d'Duebel-Mandater geschitt ass, wäerte fir d'Gemengewahlen an dësem Oktober nees e groussen Deel vun den Deputéierten op enger Lëscht vertruede sinn.