Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400 Leit op Informatiounsversammlung

Google Datenzenter

400 Leit op Informatiounsversammlung

Ronn 400 Leit waren zu Biissen op eng Informatiounsversammlung vu Google komm, fir méi iwwer den Datenzenter gewuer ze ginn, deen den amerikanesche Konzern zu Biissen wëllt bauen. D'Vertriede vu Google soten, dat wier eng Première gewiescht: si hätte bei Datenzenter-Projeten an anere Länner nach ni Bierger fir esou eng Versammlung invitéiert.

auto_stories

2 min


Déi komplett Informatiounsversammlung vu Google zu Biissenplay_arrow


Eng Partie Leit aus dem Public soten dono, si hätten et gutt fonnt, datt Google elo méi oppen an transparent géif kommunizéieren. Mee si wieren nach ëmmer net genuch Detailer gewuer ginn iwwer de Waasser- a Stroumverbrauch, oder de Kaméidi vun esou engem groussen a komplexe Projet.


De Panorama-Bäitrag vum Pierre Reyland lauschterenplay_arrow


Kloer gouf och, datt d'Awunner zu Biissen ënnerschiddlech Meenungen iwwer dee Projet hunn. Déi eng si prinzipiell géint esou ee grousse Projet an hirer Uertschaft. Anerer hu gemengt, Google wier gutt fir Biissen a fir Lëtzebuerg. An d'Leit sollten sech iwwerleeën, datt esou Datenzenteren néideg wieren, wa si weider wëllen all Dag den Internet an hire Smartphone gebrauchen.

Bei der Informatiounsversammlung goufen awer vill Froe gestallt iwwer de méiglechen Impakt vun esou engem Daten-Zenter op d'Ëmwelt an d'Gesondheet.

Am Virfeld vun der Informatiounsversammlung gouf d'Press iwwer de Projet informéiert

Virun der Versammlung fir d'Bierger hat Google mëttes schonn d'Press iwwer den aktuelle Stand vum Projet informéiert. Decidéiert wier nach ëmmer näischt, well d'Prozedur nach am Gaang wieren. A wann alles optimal géif verlafen, kéint déi éischt Phas vum Daten-Zenter fréistens ufangs 2023 fäerdeg ginn.

Lauschtert hei de Reportage vum Pierre Reyland: