D'Zuele vun den Hospitalisatioune gi weekends net méi aktualiséiert. Et bleift weiderhi bei den 110 Doudesfäll opgrond vun der Covid-19-Krankheet.
Op de soziale Reseaue rifft de Gesondheetsministère d'Leit elo op, trotz schéinem Wieder op Partyen ze verzichten. Et sollt een dëse Risiko evitéieren, fir datt d'Infektiounszuelen net weider klammen.
Am RTL-Interview sot d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert de 26. Juni et wier nach ze fréi fir vun enger zweeter Well ze schwätzen. Vill vun den neien Infektioune wieren op e Familljefest zeréckzeféieren, wou eng 70 Leit op enkem Raum gefeiert hätten.
De Spriecher vun der Covid-19-Taskforce, den Ulf Nehrbass, hat am 100,7-Interview gesot, datt et méiglech wier, datt ee virun enger zweeter Well kéint stoen.
Stand 26. Juni betrëfft bal een Drëttel vun den aktiven Infektiounen hei am Land Jonker tëschent 20 an 29 Joer.