Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 49 Propose mat 326 Mesurë fir eng besser EU

ZUKUNFT VUN DER EU

49 Propose mat 326 Mesurë fir eng besser EU

"Mir erwaarden, datt eis Propose seriö geholl ginn", seet d'Martine Leclerc, eng vun den aacht zoufälleg erausgesichte Lëtzebuergerinnen, déi beim Biergerforum am Kader vun der Konferenz iwwert Zukunft vun Europa matgemaach hunn.

auto_stories

5 min

Den Debat gëtt als gréisste Bierger-Forum an der Geschicht vun der EU bezeechent. En ass op dräi verschiddene Niveauen ofgelaf: Digital, an den eenzele Memberlänner an europäesche Biergerforen, fir déi am Ganzen 800 Leit an de 27 EU-Länner erausgesicht goufen.

Zu Lëtzebuerg waren dat der aacht Persounen. Eng dovun, d'Martine Leclerc, déi zejoert am Summer een Email vun TNS-Ilres an hirer Mailbox hat.

"Ech hunn drop geklickt, a gouf gefrot, ob ech Loscht hätt mat ze maachen an op deene dräi geplangte Weekender disponibel wier. Ech hu Jo geklickt, hu mer awer éierlech gesot net direkt erwaart, datt ech do géif geholl ginn."

An d'kaalt Waasser gepucht

Schonn Nomëttes war d'Saach gebongt, déi 25 Joer al Studentin krut matgedeelt, datt si dobäi wier, fir an engem vun de véier Fore mat 200 anere Leit doriwwer ze diskutéieren, wéi d'EU an Zukunft soll hir Wiertschafts- oder Sozialpolitik gestalten, oder awer wéi se de Klimawandel oder d'Migratioun soll ugoen.

Selwer eraussiche konnt een et sech net, bei wéi engem Thema ee matmaache wéilt. Wéi d'Lëtzebuergerin Mëtt September zejoert op déi éischt Diskussiounsronn op Stroossbuerg gefuer ass, hat si keng grouss Erwaardungen oder eegen Fuerderungen am Gepäck. Op der Plaz gouf een an d'kaalt d'Waasser gehäit, sou d'Martine Leclerc:

"Um Ufank huet een nëmmen un engem Theema geschafft. Dat war an eisem Grupp d'Wirtschaft do war ech e bësse verluer, well ech domat net esou vill wéi mat anere Sujeten beschäftegen. Dono war ech an engem Grupp iwwert d'Digitaliséierung an europäesche Identitéit, do hunn ech mech gutt gefillt."

49 Proposen: EU soll gestäerkt ginn

Zil war et, konkret Recommandatiounen auszeschaffen. 49 Proposen mat 325 Mesuren goufen e Méindeg um Europadag un d'Spëtzte vun den EU-Institutiounen iwwerreecht. De Spektrum ass breet. Et geet aktualitéitsbedéngt vun der Fuerderung no méi Onofhängegkeet vun der EU vu Gas a Pëtrol, ëm engem méi abordabeln ëffentlechen Transport iwwert eng Reform vum europäesche Walrecht bis dobäi, méi fir d'Sécherheet vun de Migranten ze suergen. D'EU soll deene Fuerderungen no gestäerkt ginn: An der Gesondheetspolitik soll d'Europäesch Kommissioun genee esou vill Kompetenzen wéi d'Memberlänner kréien. An de Beräicher Ausse-, Steier-, a Budgetspolitik soll de Prinzip vun der Unanimitéit net méi gëllen an d'Europaparlament soll d'Recht kréien Gesetzer ze proposéieren.

Et fält op, datt déi Lëscht sech déckt mat villem, wat pro-europäesch Europapolitiker zanter Jore fuerderen. Och d'Bierger froen éischter no méi, ewéi no manner EU.

Riets-Parteien: Resultat ass net representativ

Kritik koum dofir direkt vum rietse Bord am Europaparlament, déi hir Iddien an deem Resultat guer net representéiert gesinn hunn

"Dës Konferenz representéiert näischt anescht wéi sech selwer a scho guer net déi ëffentlech Meenung", sou den AFD-Europadeputéierte Gunnar Beck.

Och d'Experten, déi d'Diskussiounen an de Panele geleet hunn, wieren duerch d'Bank Pro-Europäer gewiescht.

D'Martine Leclerc ass iwwerdeems net verwonnert iwwert d'Resultat. Wat d'Iddien, déi zeréckbehale goufen ugeet, hätt sech eben d'Majoritéit duerchgesat. An hirem Panel wiere ganz verschidde Leit derbäi gewiescht, allerdéngs kaum een, deen Neen zur EU seet, preziséiert si.

"Et waren der zwee dräi, déi un der Europäescher Iddi gezweiwelt hunn. Déi meescht waren awer vun Europa iwwerzeegt. Et gëtt jo och iergendwéi Sënn: Firwat méchs de soss bei eppes mat, wat eigentlech soll d'Zukunft vun Europa stäerken?"

EU-Parlament dofir Ännerungen am EU-Traité ze preparéieren

D'Konklusiounen, déi dee leschte Weekend am grousse Plenum zesummegedroe goufen, ginn deemno net vun allen politesche Parteien am Europaparlament mat gedroen.

Och hei gëllt allerdéngs d'Majoritéit. Déi huet sech déi lescht Woch dofir ausgeschwat, datt d'EU soll ee Konvent aberuffen, fir iwwert eventuell Ännerungen an den EU-Traitéen ze schaffen. Dat wier, esou den Liberalen Guy Verhofstad eng direkt Konklusioun vun deem, wat d'Bierger an där Konferenz iwwert Zukunft vun Europa fuerderen. D'EU misst reforméiert ginn.

"Am anere Fall géif Europa verschwannen a vun Autokrate regéiert ginn. Aplaz vun der liberaler Demokratie, déi mer haut hunn. Propose musse seriö geholl ginn, d'Parlament engagéiert sech dozou."

Genee dat erwaart sech och d'Martine Leclerc. D'Studentin zitt hirersäits bis elo e positive Bilan vum Exercice.

"Wann ech op eise Grupp kucken, sinn ech zefridde mam Resultat. An de Conclusiounen ass alles dran wat mir ausgeschafft hunn. D'Fro ass natierlech wat geschitt dono mat deene Proposen?

13 Länner géint EU-Reform

Ee gudden Deel vun de Fuerderunge kënne nëmmen ëmgesat ginn, wann d'EU-Traitéën geännert géife ginn. Do aawer si bis elo eng ganz Partie Memberlänner dogéint. Dat hunn 13 vun hinnen, dorënner Dänemark, Schweden, Polen an déi Tschechesch Republik, Uganks der Woch an engem Pabeier kloer gemaach. "Mir hu schonn een Europa dat fonkionéiert", heescht et doran. Et géif kee Grond, institutionell Reformen anzeféieren.

De franséische President Emmanuel Macron huet sech allerdéngs e Méindeg zu Stroossbuerg fir eng grouss Reform vun der EU ausgeschwat

"Dès les prochaines semaines, nous aurons à définir les préalables. Je suis favorable à cette réforme institutionelle, et je souhaiterais que nous en discutions avec l'audace et la liberté nécessaire dès le conseil européen du mois de juin."

Den Debat ass lancéiert, et ass un de Memberlänner ze decidéieren, wat aus de Proposen vun der Bierger a Biergerinne gëtt.