De Gewerkschaftspresident Pascal Ricquier bleift bei der Meenung, datt d'Rekrutéiere vu 600 Leit net wäert duer goen. Den Zuele vun der Gewerkschaft no géife schonn de Moment bei der Police ronn 1.130 Leit feelen. No 2022 misste bei der Police also weider Leit bäikommen, nieft deenen, déi an de Joren 2020 bis 2022 sollen agestallt ginn, verlaangt d'SNPGL.
Et misst een och bedenken, datt déi 600 Leit Personal eréischt a sechs Joer hiren Déngscht kéinten ufänken, ënner anerem wéinst den zwee Joer Policeschoul.
Aner Rekrutementsweeër benotzen
Déi néideg Leit fir déi verschidde Carrièrë bei der Police ze fannen wier dem SNPGL-President no de Moment net dee gréisste Problem. De Pascal Ricquier proposéiert awer zum Deel op een anere Rekrutementswee ze goen.
"Den Exame vu Staat, do sinn der genuch, déi an all de Carrièren de Staatsexame gepackt hunn. Wa mir déi mol scho géifen huelen, déi Leit, déi natierlech wëllen an d'Police kommen. De Rescht musse mir an der Police-Schoul kucken, ob si dofir gemaach sinn oder net."
D'SNPGL huet ronn 2.200 Memberen. Dorënner sinn och Leit, déi schonn d'Pensioun hunn.
De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler: