Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tornadoen a schwéier Onwiederen am Süde vu Lëtzebuerg

Tornadoen

Tornadoen a schwéier Onwiederen am Süde vu Lëtzebuerg

Bei de schwéieren Onwiederen am Süde vum Land sinn am Ganze siwe Persoune blesséiert ginn, eng dovu méi schlëmm. Dat schreift de CGDIS an engem Communiqué um néng Auer de Freideg den Owend.

auto_stories

1 min

Am Raum Péiteng, Käerjeng an Ëmgéigend hu sech Tornadoe forméiert, déi fir massive Schued un Haiser an Autoe gesuergt hunn. Verschidde Stroosse si gespaart, plazeweis ass de Stroum ausgefall.

Déi lëtzebuergesch Rettungskräften an déi kommunal Autoritéite si momentan op der Plaz, genee wéi Personal vum Service Départemental d'Incendie et de Secours aus Frankräich. Déi concernéiert Acteuren evaluéiere momentan d'Situatioun an informéieren d'Press, soubal d'Situatioun méi kloer ass, heescht et am Communiqué weider.

Foto: Sophie Morang

No Concertatioun tëschent dem Premierminister Xavier Bettel, der Inneministesch Taina Bofferding an dem Haut-Commissariat à la Protection Nationale gouf d'Krisenzell aktivéiert, wéi dat am Fall vun esou schwéieren Onwiedere virgesinn ass.

Fir betraffe Persoune gouf eng Hotline ageriicht: 8002 8080

Foto: Sophie Morang