Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bodega - Jack In Titanic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "7 vun 10 Startuppen iwwerliewen net"

House of Startups

"7 vun 10 Startuppen iwwerliewen net"

Privatleit, déi an eng Startup-Entreprise investéieren, sollen den Invest vun de Stéiere kënnen ofsetzen, fuedert de Philippe Linster, deen neien Direkter vum Lëtzebuerger House of Startups.

auto_stories

2 min

De Philippe Linster betount, an England an an der Belsch géifen et schonn esou steierlech Virdeeler fir Investisseure ginn. Duerch esou ee steierlechen Outil kéinte Startuppen ënner d'Äerm gegraff ginn an de Privatinvestisseur kéint och e bësse vun der ëffentlecher Säit gehollef kréien.

Esou eng Mesure kéint natierlech net vun haut op muer ëmgesat ginn, seet de Philippe Linster. "Dat ass e Gesetz, dat muss strikt ficeléiert sinn, do däerf och keen Abus geschéien." Hei am Land géifen am Moment Diskussiounen doriwwer mam Finanzministère lafen. De Philippe Linster hofft, datt am Kader vun der geplangter Steierreform eng entspriechend Mesure ëmgesat gëtt.

En héije Risiko

Am Beräich vun de Startuppen ass de Risiko héich, datt Entreprisë laangfristeg net iwwerliewen. Dem neien Direkter vum House of Startups no géifen an der Moyenne siwe vun zéng Startuppen net um Marché iwwerliewen: de klassesche Marché wier nämlech nach guer net do.

Wann ee wéilt e Commerce opmaachen, an et wéisst een, datt et an engem gewëssen Ëmkrees dës Offer nach net géif ginn, d'Leit et awer bräichten, da kéint ee seng Clientèle och fannen. "Wann ech awer eppes op de Marché setzen, wat et nach guer net gëtt, da weess ech nach guer net, ob d'Leit dat wëllen, an d'Leit wëssen et och am Prinzip nach selwer net."

Apple hätt och e grousse Risiko geholl, wéi se den éischten iPhone lancéiert hunn, esou de Philippe Linster. Haut géif ee soen, datt si de Virreider vum Smartphone waren.

Erfarung sammelen

Haut géife vill Leit e Sënn an eng Passioun an hirer Aarbecht sichen, seet de Philippe Linster. Dat wier eng Motivatioun fir sech an eng Startup ze lancéieren. De Philippe Linster war selwer schonn eng Kéier niewent senger Aarbecht an enger Startup engagéiert, an "dat huet mech och ganz faszinéiert" seet hien.

Aus dëser Startup wier awer näischt ginn, zielt den neien Direkter vum House of Startups, mee dat géif dozou gehéieren. De Philippe Linster seet, et hätt him awer vill Erfarung bruecht. "Ech hunn den Drang, selwer Saachen ze maachen, an dat faszinéiert mech, an dofir gesinn ech mech op der Plaz och elo genee richteg." De Philippe Linster ass zanter dem 1. Januar 2020 den neien Direkter vum House of Startups.