Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Florence Besch - Feeling Sick

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8.000 Aarbechtsplazen a Gefor

Gastronomie

8.000 Aarbechtsplazen a Gefor

Esouguer ouni zweete Lockdown géifen aacht oder néng Prozent vun de Betriber am Horeca-Beräich dat nächst Joer net iwwerliewen, seet de Generalsekretär vum Verband vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren hei am Land.

auto_stories

2 min

De François hofft, datt et net zu neie strenge Restriktioune fir de Secteur kënnt. "En zweete Lockdown wier en immense Schued fir de Secteur." En neie Confinement kéint dozou féieren, datt 8.000 Leit an der Hotellerie an der Gastronomie hir Aarbecht verléieren, esou eng Estimatioun vun der Horesca. "Do sinn immens vill privat Schicksaler hannendrun."

En Appell, sech un d'Reegelen ze halen

Praktesch all zéngte Betrib aus dem Secteur riskéiert ze verschwannen. D'Horesca huet dofir nach eemol un hir Memberen appelléiert, sech un déi aktuell Hygiènesreegelen ze halen. Et géifen e puer schwaarz Schof ginn, déi sech net un d'Mesuren halen.

"D'Leit musse léieren, all Betrib muss léieren, datt e sech an dëser Zäit muss un d'Reegelen halen. Well wa mer eis net drun halen, dann ass et selbstverständlech, datt mer da Source vun Infektioune kéinte sinn, an datt mer da géifen zougemaach ginn.

Eng Léisung am Konsens

Sollte Restauranten a Caféen nawell forcéiert ginn zouzemaachen, da géif et eng Partei Betriber ginn, déi am Kapp hu juristesch géint déi Obligatioun virzegoen. De François Koepp hofft awer, datt et net esou wäit kënnt, an datt een am Konsens déi richteg Léisunge kéint fannen. Jiddweree wier Deel vun der Léisung.

"Éier mer schnell a falsch handelen, musse mer d'Saach jo mol analyséieren, da musse mer evaluéieren, an da musse mer decidéieren. An dat geet ëmmer besser, wann een dat zesumme mécht, a wann een dann op där richteger Plaz déi richteg Ficellen zitt, fir datt dann och duerno effektiv e Resultat do ass."

Chômage partiel ass net d'Rettung

De Chômage partiel soll iwwer den 31. Dezember eraus verlängert ginn, hat de Premier Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. Dat wier fir d'Majoritéit vun de Betriber awer "ganz sécher" keng Iwwerliewensgarantie, seet de François Koepp, mee:

"Mir musse jo awer och éierlech mat eis selwer sinn: et si Betriber, déi sinn elo net duerch de Covid an dës Situatioun komm, déi ware virdru schonn an enger schwiereger Situatioun."