Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aacht Parteien trieden an alle véier Bezierker un

Chamberwahlen 2018

Aacht Parteien trieden an alle véier Bezierker un

De 14. Oktober trieden aacht Parteien an alle véier Bezierker un: CSV, LSAP, DP, déi gréng, ADR, déi Lénk, Piratepartei, KPL. Am Zentrum sinn et néng Lëschten, am Süden zéng.

auto_stories

1 min

D'Biergerintiativ Demokratie huet Lëschten am Zentrum an am Süden, mat als Spëtzekandidaten der Sonja Holper an dem Jonas Folschette.

Virun e puer Woche sollt d'Sonja Holper nach als Zentrums-Spëtzekandidatin fir d'Biergerlëscht Demokratie 2018 mat an d'Wahle goen. No interne Streidereie war awer onkloer, ob an ënner wéi engem Lëschtennumm d'Membere géife kandidéieren.

Am Süden trieden am Ganzen zéng Parteien un. Wéi erwaart sinn hei och déi Konservativ dobäi, mat der Ënnerstëtzung vun 100 Wieler.

Am Norden an am Osten kandidéieren déi aacht Parteien, déi an alle véier Bezierker untrieden.