Aarbechten um Projet Nordstad gi virun

De Projet fir eng Fusioun vun de fënnef Nordstad-Gemengen ass duerch d'Regierungsoffer fir e Subsid vu 60 Milliounen Euro net un d'Stoppe komm, esou d'Spriecherin vum Fusiouns-Comité Nordstad Pascale Hansen. D'Gemengen hate bal duebel souvill Sue verlaangt.

sk / cz

Pascale Hansen
D'Pascale Hansen.ass Spriecherin vum Fusiouns-Comité Nordstad.

Déi fënnef Gemengeréit (vun Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Bettenduerf a Schieren) sollen d'Propos vum Regierungsrot vun e Freideg elo an den nächste Wochen diskutéieren, dat hunn déi fënnef Buergermeeschteren haut decidéiert.

"Mee mir kéinten eis spontan virstellen, datt mir awer nach aner Fuerderungen un d'Regierung hunn, zum Beispill am Kader vu Realisatioune vu Projeten, villäicht een aneren Taux de Subside ze kréien", esou d'Pascale Hansen am 100,7-Interview.

E Referendum an de fënnef Gemenge kéint hirer Meenung no zäitno no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 kommen. Eng Fusioun wier dann 2025 oder 2026 méiglech.

Méi zum Thema

Claude Haagen
Nordstad-Fusioun

De Claude Haagen mengt net, datt de Stéchdatum vum Juni 2023 fir d'Fusioun vun den Nordstad-Gemenge realistesch wier. Et sollt ee sech léiwer een oder zwee Joer méi Zäit huele fir den Dossier ze finaliséieren.

D'Vu op Dikrech vum Härebierg aus
Nordstad

D'Regierung wëllt hir Bedeelegung un der Nordstad vu ronn 30 Milliounen Euro op ronn 60 Milliounen Euro verduebelen. Déi concernéiert Gemengen hate méi gefrot: si wollte knapp 120 Milliounen Euro.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen