Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtszäiten erfaassen

Uerteel vum EU-Geriichtshaff

Aarbechtszäiten erfaassen

Een Uerteel, dat um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg gesprach gouf, kéint grouss Auswierkungen op den Aarbechtsalldag hunn. Patrone solle verflicht ginn d'Aarbechtszäite vun hiren Employéë systematesch ze erfaassen. All d'EU-Staaten missten dat aféieren, nëmme sou géif sech iwwerpréiwe loossen, ob déi legal Aarbechtszäiten agehale ginn.

auto_stories

3 min

Geklot hat eng spuenesch Gewerkschaft, fir eng Filial vun der Deutschen Bank dozou ze verflichten, d'Stonne vun hire Mataarbechter all Dag opzezeechne fir sécher ze stellen, datt d'Aarbechtszäiten agehale ginn.

Oppe Froe fir den LCGB

Fir den LCGB stäerkt d'Uerteel d'Rechter vun de Salariéen, mee an der Praxis stelle sech Froen iwwer d'Erfaasse vun der Aarbechtszäit, mengt de Christophe Knebeler vum LCGB. Eng vun den Haaptfroen, déi sech géif stelle wier déi vun der Digitalisatioun, also "déi nei Forme vun Aarbechten, déi elo schonn ufänken do ze sinn."

Eng weider Fro, déi sech fir den LCGB stellt, ass déi vun der Schäiselbststännegkeet. "Wéi kann een do iwwerhaapt ee Suivi maachen", freet sech de Christophe Knebeler. "Do ass jo net richteg gekläert, wéi d'Aarbechtsrelatioun ass." Och aner Modeller, wéi den Télétravail, si fir den LCGB schwiereg. "Kann een do effektiv d'Zäit erfaassen, ouni datt een elo e Problem kritt mat der Protection des données?"

Generell misst iwwer d'Definitioun vun der Aarbechtszäit diskutéiert ginn, fënnt de Christophe Knebeler. "Gehéiert och dozou, wann ech an der Fräizäit eng Kéier erreechbar sinn oder net. Dat sinn alles Froen, déi sech am deem Kontext stellen."


De Christophe Knebeler (LCGB):

Lauschterenplay_arrow


"Dat ass éischter e Schrack zeréck"

Am Lëtzebuerger Code du Travail wier schonn zimlech genee definéiert, datt et e System muss ginn, mat deem d'Patronen d'Aarbechtszäite vun hire Salariéë mussen opschreiwen, seet den Nicolas Buck, President vun der UEL. Dëst wier "explizit genuch" an et wier och ee Saz hanner dem Artikel, "datt dee Register natierlech à la disposition vun der ITM muss sinn".

Den Nicolas Buck stellt sech allerdéngs d'Fro, ob et eng Prioritéit fir d'ITM-Personal wier fir ze kontrolléieren, ob d'Patronen d'Aarbechtszäite richteg oder falsch erfaassen. A ville Betriber mat méi héich qualifiéiertem Personal géif d'Zäiterfaassung dacks als eng Form vu Kontroll ugesi ginn, an déi Leit wiere ganz glécklech, "datt si net méi all Dag mussen eng Auer drécken".

D'Betriber hätten awer d'Flicht d'Gesetz ze befollegen, sou datt e Spezialregëster iwwer d'Aarbechtszäite misst geféiert ginn, seet den Nicolas Buck:

"Fir mech ass dat éischter e Schrack zeréck, wéi e Schrack no vir. Mir wëlle jo, datt mir Fräiheeten hunn, datt mir och kënne "Work-Life Balance" maachen. An da kënnt Europa a seet: OK, dir musst elo awer akribesch festhale wéini d'Leit da genee erakommen an nees erausginn. Also ech mengen, datt dat elo net onbedéngt am Sënn ass, wéi d'Wirtschaft sech de Moment entwéckelt."

Ouni e System fir d'Aarbechtszäite pro Dag ze miesse kéinte weder déi geleeschte Stonnen, hir zäitlech Verdeelung nach d'Zuel vun den Iwwerstonnen objektiv ermëttelt ginn, huet den Europäesche Geriichtshaff a sengem Uerteel vu gëschter festgestallt.


Detailer mam Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow