Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ABBL-Direkter: "OGBL ass stramm an dogmatesch"

Bankesecteur

ABBL-Direkter: "OGBL ass stramm an dogmatesch"

D'Zentralverwaltung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL wier "stramm, zentralistesch an dogmatesch", esou de Serge de Cillia. Den Direkter vun der Banken-Associatioun ABBL war mam Roberto Scolati, President vun der Bank-Gewerkschaft ALEBA, Invité a "Riicht Eraus". Dem Serge de Cillia no géif den OGBL dacks mat "Methoden aus den 80er Joren" schaffen. D'Veronique Eischen, vum OGBL, fënnt déi Ausso "niveaulos".

auto_stories

6 min

Et géif zwee OGBLe ginn, seet de Serge de Cillia am Kader vun den aktuelle Verhandlunge fir en neie Banke-Kollektiv-Vertrag. Den ABBL-Direkter huet an der Emissioun "Riicht Eraus" betount, d'Zentralverwaltung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond wier "stramm, zentralistesch an dogmatesch" organiséiert. Si géif dacks mat "Methoden aus den 80er Joren, aus dem Klassekampf an aus dem kale Krich" schaffen. Op där anerer Säit géif et och nach den OGBL an de Betriber. Fir de Serge de Cillia wieren dat "zwee grondverschidden OGBLen".

Och de President vun der Banke-Gewerkschaft ALEBA, Roberto Scolati sot, hie kéint "nëmme confirméieren", dass d'Approche vu verschiddene Leit beim OBGL net méi zäitgeméiss wier. Trotzdeem, géif d'ALEBA mat den anere Gewerkschaften op enger Linn leien bei de Verhandlunge fir e neie Banke-Kollektiv-Vertrag - esou zum Beispill bei den Diskussiounen iwwert d'Juni-Primm.

Reaktioun vum OGBL

D'Véronique Eischen, vum OGBL Exekutivcomité, wollt déi Kritik net stoe loossen. Si huet no der Sendung an engem Telefons-Interview reagéiert. Dem Serge de Cillia seng Aussoe géife "net der Wourecht" entspriechen, seet d'Véronique Eischen. Si géif et och "extrem niveaulos" fannen, wann den ABBL-Direkter perséinlech iwwer Leit géif hierfalen, an déi gréisste Gewerkschaft am Land géif kritiséieren. Si wier och enttäuscht iwwert d'Positioun vum Roberto Scolati an där Diskussioun.

Reaktioun: Véronique Eischenplay_arrow

Juni-Primm: "Net vum Dësch"

An der Woch vum 29. Mee hat et Protest-Piquete bei der JP Morgan Bank an der BGL BNP Parisbas ginn. Dat nodeems d'ABBL, am Kader vun de Kollektiv-Vertrags-Verhandlungen, de Banke recommandéiert hat, d'Juni-Primm (prime de conjoncture), net auszebezuelen. Bei enger weiderer Diskussiouns-Ronn, e Freideg den 2. Juni, tëscht ABBL, ALEBA, OGBL an LCGB, goufen nei Proposen ausgeschafft. Déi dräi Gewerkschaften huelen déi en Dënschdeg (6. Juni) op enger Reunioun gemeinsam ënnert d'Lupp.

Den ALEBA-President huet de Bankemployéen awer verséchert, si kréichen hir Primm ausbezuelt. De Barème vun 2016 wier dobäi d'Basis. An et kéim "nach eppes drop", esou de Roberto Scolati. De Serge de Cillia sot sengersäits: D'Juni-Primm wier ni vum Dësch gewiescht.

Bank-Resultater: +15 Prozent

De Banken schéngt et net schlecht ze goen: Der CSSF no war dat globaalt Banke-Resultat viru Provisiounen a Steieren zejoert 14,9 Prozent besser ewéi d'Joer virdrun. De Serge de Cillia huet relativéiert: Nëmmen d'Halschent vun de Banken zu Lëtzebuerg hätt 2016 ee positiivt Resultat gemaach. Aussergewéinlech Operatiounen hätte vill dozou bäigedroen: Dorënner d'Vente, bei enger grousser Bank, vun enger chinesescher Participatioun, fir iwwert 700 Milliounen Euro.

Fir de Roberto Soclati bleift awer kloer: D'Employéeë géife sech froen, fir wat si net méi fir hir Aarbecht belount géife ginn. De Serge de Cillia huet iwwerdeems nach dorop higewisen, dass d'Banken zu Lëtzebuerg vill zur Wirtschaft géife bäidroen. D'Banke géifen all Joer ronn dräi Milliarden Euro Salairen an eng Milliard Euro Steiere bezuelen, esou den ABBL-Direkter.

Ëmmer manner Bank-Agencen

Och zu Lëtzebuerg ginn d'Banken en Deel vun hire Käschten, déi zum Beispill duerch de reglementaire Kader oder negativ Zënsen entstinn, un hir Cliente weider. Dowéinst sinn d'Fraise fir eng Partie Bank-Servicer geklommen. Den ABBL-Direkter huet awer betount, datt Bank-Transaktioune zu Lëtzebuerg laang niddereg gewiescht wieren.

D'Hausse vun de Käschten huet sech virun allem bei de klasseschen, "almoudeschen" Operatiounen am Guichet bemierkbar gemaach. Déi goufen däitlech méi deier. Dem Serge de Cillia no géifen domat awer net vill Leit benodeelegt ginn. Souwisou géif et ëmmer méi a Richtung online Banking goen. An do géif Lëtzebuerg gutt do stoen. Iwwer 90 Prozent vun de Stéit am Grand-Duché hätten Zougang zu séierem Internet.

D'Spuerkeess huet annoncéiert, datt si dëst Joer siwe vun hiren Agencen uechter d'Land zou wëll maachen. Den ALEBA-President rechent dermat, dass nach aner Banken dat wäerte maachen. Déi betraffe Leit géifen awer intern versat ginn, esou de Roberto Scolati.

Burn-Out a Stress

Den Drock op d'Bankemployéeë klëmmt. Ëmmer méi vun hinne leiden u Burn-Out. Dat huet de Roberto Scoalti confirméiert. Den ALEBA Gewerkschafts-President schafft selwer zanter 1984 bei enger Bank. D'Aarbecht wier méi schwéier ginn. Dëst zum Beispill wéinst de ville "Compliance" Regelen, déi respektéiert musse ginn. Déi géifen d'Bankemployéen ënner Drock setzen.

Wat kënnen d'Banke maachen? Et géif versicht ginn, mat Hëllef vun der Aarbechts-Medezin, déi Betraffen z'encadréieren, esou de Roberto Scolati. Weider Pisten, fir dee Problem ze bekämpfen, géifen an engem vun den Aarbechtsgruppen iwwert den neie Kollektiv-Vertrag diskutéiert ginn.

Emploi: "Deloyal Konkurrenz vum Staat"

Haut schaffen eng 26,000 Leit am Bankesecteur zu Lëtzebuerg. Zanter 2015 hätt et Sozialpläng bei siwe Banken zu Lëtzebuerg ginn. Eng 350 Plaze wiere betraff, esou den ALEBA-President. De Roberto Scolati präziséiert: Eng Partie vun deene Betraffenen hätten hir Plaz nach bis d'Enn vum Joer, a wieren deemno nach net an de Statistiken erfaasst. Et géifen och nei Leit agestallt ginn.

Dem Serge de Cillia no géifen d'Banken haut awer anescht rekrutéieren. "D'Banke rekrutéiere méi Leit mat Unis-Diplomer", sot hien. An de leschte Joren wieren 10 Prozent mei Leit mat Unis-Diplom agestallt ginn, an aacht Prozent manner Leit, déi kéng Première hätten. Et géif och vill Transferten aus dem Privat-Secteur bei de Staat ginn. Dat wier eng "déloyal Konkurrenz", esou nach den ABBL-Direkter.

Brexit: Bal kéng Annoncë vu Banken

Déi grouss Banken hätte bis elo "ganz wéineg Annoncen" gemaach, ob a wou si nom Brexit eng Präsenz um europäesche Kontinent wéilten hunn, esou de Serge de Cillia. D'EZB géif sech schonn Suerge maachen. Banken, déi eng Präsenz an der EU mussen hunn, missten elo endlech soen, wat se wëlle maachen.

Zur Fro, wéivill Banken an Tëschenzäit intresséiert wieren, aus Groussbritannien op Lëtzebuerg ze kommen, sot den ABBL-Direkter: Et géif Diskussioune mat enger amerikanescher Bank lafen. An et géif e puer "private equity" Firme ginn, déi hiren EU-Sëtz op Lëtzebuerg wëllen transferéieren. Am Assurance-Secteur wieren et der méi: Véier amerikanesch a britesch Gesellschaften géifen op Lëtzebuerg kommen, an e puer Fonge-Gesellschaften. Bei deenen Transferten misst och Substanz derhannert sinn, sot nach de Serge de Cillia. Bréifboite-Firmë kéimen net a Fro.

Digitaliséierung

Ginn och am Banke-Secteur Mënsche vu Roboteren a Computeren ersat? Nee, mengt den ALEBA-President. D'Berodung vu Clienten zum Beispill, kéint net vu Computeren gemaach ginn. D'Digitaliséierung géif am Banke-Secteur och Chancë mat sech bréngen, fir veschidden Aarbechts-Ofleef ze vereinfachen, esou de Roberto Scolati.

Fir de Serge de Cillia bréngt d'Digitaliséierung dat, wat déi international Banke-Clienten wéilten: E permanenten, 24-Stonnen Accès zu Bank-Konten, Bezuelungs-Servicer an Informatiounen. Net ëmsoss géifen d'Banken Milliounen an nei Online Plattformen an IT Systemer investéieren.