Radioen

On air

Espresso Beats  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ABLV: méi Froe wéi Äntwerten

Finanzwelt

ABLV: méi Froe wéi Äntwerten

De Freideg am spéide Moien wäert d'Handelsgeriicht seng Decisioun bekannt ginn, ob d'Lëtzebuerger Duechter vun der lettescher ABLV Bank liquidéiert (also ofgewéckelt) oder an e Sursis de paiement gesat gëtt, wat hir deen néidege Sputt géif ginn, fir no engem Repreneur ze sichen. Onofhängeg dovun, wéi eng vun deenen zwou Optioune finalement zréckbehale gëtt, ass d'Uerteel, dat herno gesprach gëtt, déi lescht Etapp vun enger Kette vun Evenementer, déi eng Rei Froen opwerfen.

auto_stories

3 min

Maurice Molitor

Den 12. Februar - viru bal engem Mount also - gëtt de Financial Crimes Enforcement Network (kuerz FinCEN), en Departement vum US-amerikanesche Finanzministère, eng Matdeelung eraus, an där sënngeméiss steet: Mir (FinCEN) hu "reasonnable" Grënn dovun auszegoen, datt Decideuren, Aktionären an Employéë vun der ABLV aus dem Wäisswäsche vu Suen e Pilier vum Geschäftsmodell vun der Bank gemaacht hunn. Déi ganz Decisioun gëtt och begrënnt, kleng gedréckt, op aacht Säiten am Federal Register (dem amerikanesche Journal officiel). Mä 't ass natierlech nëmmen déi eng Klack.

D'Doudesuerteel ënnerschriwwen

De FinCEN muss sech bewosst sinn, datt e mat där Matdeelung näischt anescht wéi d'Doudesuerteel vun där lettescher Bank ënnerschreift, well en hir domat den Dollar-Krunn zoudréint. An ouni Dollar ass et schwéier, wann net onméiglech an der internationaler Finanzwelt z'iwwerliewen.

Fir z'evitéieren, datt se vun hire Cliente gestiermt gëtt, freet d'ABLV a Lettland an e Sursis de paiement gesat ze ginn. Wat och geschitt. Dat verhënnert, datt d'Leit massiv Geld ophiewen, ännert awer näischt drun, datt d'Bank net méi un nei Dollare kënnt.

Den 23. Februar mécht déi Europäesch Zentralbank de Constat, datt d'ABLV "failing oder likely to fail" wär. Iwwersat heescht dat: d'Bank ass faillite. Oder risquéiert an d'Faillite ze falen. Dat gëllt fir dat lettescht Mammenhaus a seng Filialen, virun allem am osteuropäeschen Ausland. Et gëllt och fir d'Lëtzebuerger ABLV S.A., déi eenzeg eegestänneg Duechtergesellschaft vun der Bank.

Och fir si mécht d'EZB de Constat: "failing oder likely to fail". Wat déi direkt, an iwwregens bis haut bestreit: De 25. Februar, zwee Deeg no der EZB-Decisioun, ënnersträicht se an engem Communiqué, si wär onofhängeg an hätt genuch Liquiditéiten. Firwat géif se dat maachen, wann et net stëmmt? D'ABLV Lëtzebuerg weist och drop hin, datt hir direkt näischt vum FinCEN virgehäit gëtt. Si ass souwisou eréischt zënter 2014 hei op der Plaz aktiv a wär ni beschëllegt, oder och nëmmen am Verdacht gewiescht, kromm Saachen ze dréien.

EZB behaapt eppes ouni et ze begrënnen

Och wann et gutt Grënn ginn, déi fir eng total oder méiglechst grouss Onofhängegkeet vun der Europäescher Zentralbank schwätzen, ass et awer méi schwiereg: D'EZB behaapt eppes, ouni et ëffentlech begrënnen oder beleeën ze mussen. Si hëlt eng Decisioun, déi se net motivéiert, an déi, virun allem, net direkt ka kontestéiert ginn. Dat ass rechtsstaatlech problematesch.

No der EZB-Decisioun geet den Dossier, sou wéi d'Prozedur et virgesäit, bei de Single Regulation Board, en europäesche Gremium, dee beuerteele muss, ob eng Bank derwäert ass gerett ze ginn oder ob ee se ka fale loossen. Dee Board seet, d'ABLV - weder d'Mammenhaus a Lettland, nach d'Lëtzebuerger Duechter - wäre System-relevant ... net an Europa an net bei sech, kéinten also an de respektive Länner ofgewéckelt ginn.

Roll vun der CSSF

D'CSSF hëlt sech där Saach hei un, mécht fir d'éischt eng Requête um Handelsgeriicht fir d'Bank an e Sursis de Paiement ze setzen, freet eng Woch drop an enger zweeter Requête d'Ofwécklung. Mä se deet sech ganz schwéier, doriwwer ze kommunizéieren. Et freet ee sech firwat? Geet et drëm, d'Gedäisch ëm d'Finanzplaz méiglechst kleng ze halen? Just ze maachen, wat ee vu Frankfurt ugestallt gëtt? Oder geet et drëm, d'Amerikaner net ze froisséieren? Zu wat dat féiert, huet ee jo gesinn an dëser Geschicht.