Radioen

On air

Simon Says  |  Kiki Gyan - 24 Hours In A Disco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Abschied vum US-Ambassadeur Dave McKean

Lëtzebuerg-USA

Abschied vum US-Ambassadeur Dave McKean

No knapp engem Joer muss den aktuellen US-Ambassadeur Lëtzebuerg verloossen. Et wier schwéier, d'Zukunft ënnert dem Donald Trump virauszesoen. Den David McKean hofft, datt deen zukünftege President d'Amerikaner zesummebréngt a säi Behuelen den 20. Januar wäert änneren.

auto_stories

2 min

Den 20. Januar um 12 Auer iwwerhëlt den Donald Trump offiziell d'Presidence vun den USA. Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg d'Entwécklung vun den internationale Relatiounen ënnert dem Donald Trump am A géif behalen, sou den Dave McKean.

An engem interview mat der däitscher Bild-Zeitung an der Londoner Times hätt den Trump nach viru kuerzem gesot, datt d'Nato obsolet wier. Hie géif de Brexit ënnerstëtzen an hien hätt e puermol behaapt, datt et keng Zukunft fir d'Europäesch Unioun gëtt. "Ech mengen, datt dat alles wichteg Theme sinn, op déi Lëtzebuerg während der Trump Administratioun sollt een A werfen", seet den Dave McKean.

Den onbekannten Demokrat

Souwuel d'Republikaner wéi d'Demokraten an den USA wieren den Ament bannent der Partei gedeelt. Den US-Ambassadeur ass awer zouversiichtlech, datt d'Demokraten d'Vertrauen an d'Zukunft nees kéinte gewannen. D'Land wier an zwee gespléckt. Engem groussen Deel vun der Bevëlkerung géif et wirtschaftlech schlecht goen. D'Demokrate misste mat deene Leit schwätzen a sech fir si interesséieren.

"Mir mussen eis drun erënneren, datt 2004 ee jonken onbekannte Politiker op d'Bühn koum. Säin Numm war Barack Obama. Véier Joer drop war hie President. Et ass also wahrscheinlech, datt an Zukunft een Onbekannten opdaucht fir den Donald Trump ze challengen", hofft den Ambassadeur.

Lächerlech Diskussiounen op Twitter

D'Relatioun zwëschent dem Trump an de Medie wier schlecht. Datt den Donald Trump Attacke géint d’Journalisten als politesch nëtzlech géif gesinn, mécht dem Dave McKean Suergen. An enger Demokratie wier et wichteg, datt ee seng Meenung fräi kéint äusseren.

Den Dave McKean hofft, datt den Donald Trump ophält, Twitter ze benotzen. D'Amerikaner géifen es genuch domat kréien. "Hie benotzt Twitter, fir total lächerlech Diskussiounen ze féieren. Hien attackéiert Comedy-Sendungen. Mee hien huet och méi serieux Sujeten attackéiert, wéi zum Beispill säi béisaartegen Tweet géint den US-Biergerechtler John Lewis."

E Freideg fiert den Dave McKean zréck an d'USA. Wat hien do genee wäert maachen, wier nach onkloer. Vu Lëtzebuerg hëlt hien awer ee positiven Androck mat zréck. "Ech appreciéiere virun allem déi biergerlech Debatt. Och wann et Meenungsverschiddenheete ginn, respektéieren d'Leit sech hei. Dat ass eng Qualitéit, déi Lëtzebuerg soll behalen.


Lauschtert de Bäitrag vum Maxi Pesch:

Dave McKeanplay_arrow