Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Absenteismus an de Maison-relaisen

Ausserschoulesch Betreiungsstrukturen

Absenteismus an de Maison-relaisen

Mat der Gratuitéit vun de Maison-relaise sinn d'Presenzen zwar net bedeitend an d'Luucht gaangen, dofir awer déi net ugekënnegt Absencen. Muer fänkt déi éischt Schoulvakanz fir dëst Joer un, Zäit also fir en éischte Bilan ze maache vun der Situatioun an den ausserschoulesche Betreiungsstrukturen, déi jo zanter dem 15. September wärend der Schoulzäit fir jidderee gratis sinn.

auto_stories

3 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow


An den 13 Maison-relaise vun der Fondatioun Elisabeth, an deenen eng 650 Mataarbechter ronn 3.000 Kanner betreien, sinn zanter September nees méi Kanner ageschriwwen. Den Direkter Michael Schenk féiert dat haaptsächlech dorop zeréck, datt manner Leit am Home-Office sinn, an dofir nees op d'Betreiungsstrukturen ugewise sinn.

Et wier een nees um Niveau vu virun der Corona-Pandemie ukomm, esou de Michael Schenk, mee d'Kanner géifen awer och e bësse méi laang bleiwen - d'Eltere géife probéieren, sech net ze hetzen, well ee wéisst, datt de Service gratis wier.

Fondatioun Elisabeth setzt op Preventioun

An de Maison-relaise vun Elisabeth hat ee sech präventiv op de Problem vum Absenteismus virbereet: An all den Haiser wieren d'Eltere schrëftlech informéiert ginn, datt d'Fondatioun sech géif d'Recht virbehalen, de Kontrakt mat hinnen ze kënnegen, wa sech net un d'Ofmell-Modalitéite gehale gëtt.

Niewent dem onnéidegen administrativen Opwand fir d'Personal, deen duerch esou Absencen entseet, gesäit de Michael Schenk nach e weidere Problem:

"Mir musse jo e Budget eraginn, also eng Berechnung mat wéi vill Presenze mir fir dat Joer duerno rechnen. An do gëtt d'Personal drop gerechent. An da ginn déi reell Zuele gekuckt, wéi d'Kanner effektiv do waren. A wann dat ënner 75 Prozent ass, da musse mir dem Ministère Rechenschaft ofleeën. Dat heescht mir hunn all en Interêt, datt déi Modalitéiten agehale ginn, an datt net méi ugemellt gëtt, wéi herno gebraucht gëtt."

De Michael Schenk lauschterenplay_arrow

Absenteismus huet zu Esch zougeholl

Zu Esch sinn d'Aschreiwungen stabil bliwwen. 3.200 Schüler ginn an de Maison-relaisen an der gréisster Südgemeng betreit. 196 Kanner stéingen op der Waardelëscht, esou de Schoulschäffe Christian Weis. Iwwer déi nächst Jore sollen awer nach weider Maison-relaisen opgoen, esou datt déi Lëscht och kéint ofgebaut ginn.

Den Absenteismus vu Kanner déi ugemellt sinn, awer net optauchen, hätt zanter der Rentrée staark zougeholl, esou de Christian Weis:

"[sou] datt mir awer musse rechnen, datt e Fënneftel vun de Kanner, déi ugemellt sinn, net do sinn."

Dat heescht zu Beispill och, datt e Fënneftel vun de Moolzechten ewechgeheit gëtt.

Virun allem awer géife Plaze bleiwen, déi vu Kanner kéinte genotzt ginn, déi se bräichten, erkläert de Christian Weis: Dës Plaze wieren dann eidel well d'Elteren net dru geduecht haten, sech ofzemellen. Zu Esch wëllt een awer éischter op Informatioun ewéi op Sanktioune setzen, fir deem entgéint ze wierken, esou nach de Christian Weis.

Käerjeng consideréiert Sanktiounen

Dat gesäit een zu Käerjeng beispillsweis anescht, wann och do de Problem vum Absenteismus net grad sou grouss wier, betount déi Responsabel fir d'Maison-relais vu Käerjeng, d'Carine Costa:

"Mir maache lo wierklech e Suivi dovu wien dat mécht, an et kéint ee sech virstellen, wann eng Rei vu Persoune wierklech Abus maachen, datt déi convoquéiert ginn a Sanktioune gesprach ginn."