Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accès op RBE soll fir Zivilgesellschaft a Press erëm opgoen

Registre des bénéficiaires effectifs

Accès op RBE soll fir Zivilgesellschaft a Press erëm opgoen

No an no sollen eng ganz Partie Acteuren, dorënner Vertrieder:innen aus der Zivilgesellschaft, grad ewéi Journalist:innen erëm Accès op de Registre des bénéficiaires effectifs kréien. Dat huet d'Justizministesch Sam Tanson annoncéiert.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / SMEEitz

Nodeems den Accès vum grand public op de Regëster gëschter no engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff suspendéiert ginn ass, hunn den Ament just d'Autoritéiten d'Recht d'Donnéeën doraus anzegesinn. Nach dës Woch sollen awer déi grouss Acteuren am Kampf géint Geldwäsch erëm een Zougang kréien, och datt Lëtzebuerg senge Flichten an deem Beräich kann nokommen.

Sam Tanson wëllt eng Léisung fannen

D'Justizministesch waart lo gären of, wéi eng Konklusiounen déi Europäesch Kommissioun aus dem Arrêt vu gëschter zitt. Wéini dat kéint de Fall sinn ass net kloer, seet d'Sam Tanson.

Sollt et awer net "ganz séier" eng europäesch Positioun ginn, déi den Accès fir d'Zivilgesellschaft a fir d'Journalist:inne reegelt, da géif si "sou séier wéi méiglech Texter op den Instanzewee ginn".

Den Abléck vun der Zivilgesellschaft a vu Journalist:nne wier "ee ganz wichtegt Element an der Lutte géint de Blanchiment".

CSV lueft Justizministesch, Kritik vun déi Lénk

D'CSV huet d'Justizministesch de Moien no der Reunioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun ausdrécklech gelueft fir hir séier Decisioun den Accès op den RBE op d'mannst zäitweis souwäit wéi méiglech zouzemaachen.

Et wier lo wichteg den Arrêt vun der héchster Instanz op europäeschem Niveau ze respektéieren, sou de Laurent Mosar, deen och der Meenung ass, datt net all Bierger Accès op d'Donnéeën aus dem Registre des bénéficiares effectifs soll hunn - d'Journalist:innen an d'Socitété civile awer schonn.

Anescht gesäit een dat bei déi Lénk. Déi rezent Decisioune wieren ee Réckschlag a Saachen Transparenz, seet d'Deputéiert Nathalie Oberweis.

Et géif hei net ëm kleng Betriber goen, mee ëm déi grouss international Entreprisen, déi elo net méi transparent gemonitort kéinte ginn.

Datt d'Press an d'Zivilgesellschaft aktuell keen Zougrëff op de Regëster hunn, fannen déi Lénk "extrem problematesch". Och wann den Zougang erëm fräigeschalt soll ginn, wéisst een net wéini dat de Fall wier. Fir déi Lénk ass awer kloer, datt och de grand public een Urecht op een Accès huet.