A Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel hunn eng 120 Leit eng Gedenkminutt fir de grénge Politiker gehalen: Familiememberen, d'Regierung, Deputéiert, Parteimemberen, Beamten an Diplomaten. De Premier Xavier Bettel an de grénge Parteipresident Christian Kmiotek hunn a Rieden un en engagéierte Politiker erënnert. De Camille Gira hätt u Verännerungen am Sënn vu Mënsch an Ëmwelt gegleeft.
"De Camille Gira huet op eng Manéier, wéi ech dat nach ni bei engem erlieft hunn, seng Iwwerzeegunge gelieft", esou de Xavier Bettel. De Camille Gira hätt e Gespier fir Verännerunge gehat, sot de grénge Parteipresident Christian Kmiotek a senger Ried: "Ech erënnere mech un Dezember 2013, an de Camille dee seet, den Titel ass mir egal - Staatssekretär oder Minister - d'Haaptsaach ass, ech kann eppes beweegen."
Am Haff vum Staatsministère gouf fir de Camille Gira eng nei, fënnef Meter héich Lann gesat, mat enger Gedenktafel dobäi.
De Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère war de 16. Mee am Alter vun 59 Joer onerwaart no Häerzversoe gestuerwen.