ADR: Europa-Wahlprogramm

"Manner Europa, méi Lëtzebuerg": Ënnert deem Motto huet d’ADR de Moien op hirem National- an Europa-Kongress hire Wahlprogramm fir d'Europawahlen presentéiert. D’Alternative Demokratesch Reformpartei huet och déi 6 Kandidaten guttgeheescht: de Gast Gibéryen, de Jean Schoos, de Fernand Kartheiser, de Roy Reding, d’Liliana Miranda an de Robert Mehlen.

Op hirem Kongress huet d'ADR awer och net mat Kritik un der nationaler Politik gespuert. Di nei Regierung hätt, an deenen 100 Deeg, näischt Konkretes opweises, esou den ADR-President Jean Schoos, ausser e puer Affairen, enger Hausse vun der TVA, an enger Verschlechterung vun de Studieboursen. D'ADR gesäit sech den Ament och als eenzeg Oppositiounspartei.

De Bäitrag vum Françoise Medernach:

 

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen