Radioen

On air

Tockcity  |  Yard Act - A Vineyard For The North

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Adrenalin versus Algorithmen

Fräie Mikro

Adrenalin versus Algorithmen

Den autonomen an intelligenten Auto wäert kommen. Wéi séier déi technologesch Evolutioun souwäit ass, decidéiert wéi ëmmer de fräie Maart an déi multinational Investisseuren. Op ville Plazen an der Welt ginn haut scho "big data" gesammelt an u Computer-Algorithme gefuerscht, déi eist eegent Verhalen an Zukunft besser iwwerwaachen, wéi mir selwer. Dat werft vill Froen op, awer net ëmmer déi richteg, mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Ob mer wëllen oder net, si mer mat rasanter Vitess ënnerwee Richtung autonomen Auto, deen, wann e bis fiert, dem Chauffeur guer net méi de Choix léist wéi rasant déi Vitesse da soll sinn.

Genee geholl, si mer dann emol guer méi de Chauffeur, mee just nach Passagéier, fir finalement mol guer net méi brauchen am Won ze sëtze fir Kommissioune maachen ze fueren.

Natierlech steet net vun haut ob muer e fäerdegen, fir d'Masseproduktioun gëeegente Prototyp do. Mee e sëllege kleng Dieren si scho längstens op gaangen um onausweigleche Projet "Roboter-Auto".

Vill aktiv a passiv Assistenzsystemer kenne mer lo schonn. Ugefaange bei der automatescher Boîte. Jo dat ass och en Assistenzsystem, oder ganz wichteg, de Seat Belt Reminder.

Manner Mënsch, manner Accidenter

Net all Gespills am Cockpit ass sécherheetsrelevant, mee weist elo schonn de Wee an de Cyberspace. Limiteurs de Vitesse, Spurhaltesystemer Notbremsassistent, doudege Wénkelelassistent, Middegkeetswarner etc, hunn elo schonn e reellen Impakt ob d'Sécherheet.

En Gros, wat de Mënsch manner ze soen huet um Steier, wat et zu manner Kollisioune mat schlëmme Konsequenze kënnt. Egal wéi sech d'Autoen an d'Infrastrukturen iwwer déi lescht Joerzéngte verbessert hunn, sinn a waren 90 Prozent vun de Kollisioune vum Mënsch verursaacht. Duerch Vitess, Fuerfeeler, legal an illegal Drogen, Sekonneschlof, Mëssuechtung vu Prioritéiten, Stierken ob iergend een Ecran an aner liewenswichteg Onsënnegkeeten. Jee, sou zimmlech Alles wat verbueden ass.

Wat fir eng Feelkonstrukioun misst den autonomen Auto si fir genausou schappeg Performancen un den Dag ze leen, wéi den Homo Sapiens.

Fuere gëtt langweileg

Mam autonomen Auto ass de Spaassfacteur natierlech komplett fleeten. Keen Adrenalin, kee Kick, keen Nix a keen Näischt méi. Fuere gëtt sou langweileg wéi en Dias-Owend. Wann een deene Leit seet, déi haut nach krampfhaft un hirer manueller Boîte festhalen an der Illusioun vun der Dominanz iwwer d'Maschinn, datt se an 20 Joer warscheinlech mol kee Steierrad méi hunn, ass dat natierlech eng batter Pëll. Den Avantage ass, et kann een den Dias-Owend iwwert dem Fuere maachen.

Eng grouss Angscht virum Auto vun der Zukunft ass dann och datt Technologie an Algorithme keng Moral hunn an dem Mënsch de fräie Wëllen iwwer seng Akten ewech huelen. Ma Hoffentlech kann ech do nëmme soen!

Eng Situatioun déi an deem Kontext gär genannt gëtt, ass de Fall wou den Auto zB misst decidéieren ob en engem Kand auswäicht oder enger aler Persoun, respektiv ob en seng Passagéier géif an dem Fall sacrifiéiere fir deen een oder deen aneren ze retten. Mat sou Argumenter kann een natierlech all System vu fir eran doutrieden.

D'Fro ass awer éischter wat de mënschleche Chauffer an deem Fall gemaach hätt an ob deen a Brochdeeler vu Sekonnen nach philosophesch an ethesch Consideratiounen ofgewien hätt ier et schlussendlech nach méi Victime ginn hätt wéi beim a-moraleschen Auto.

Oder iwwerhaapt, ob et moralesch vertrietbar ass, ze fuere wann ee gedronk huet, rast, geféierlech iwwerhëlt, oder duerch rout fiert. Déi Situatioune gëtt et jo beim Autonome Gefier net. Dee fiert ganz ouni Promill an Testosteron. Duerfir ass et jo en intelligenten Auto.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.