Kanner bis 12 Joer falen net ënner déi nei Reegel, well déi sech net kënnen impfe loossen. Bei Verstéiss si Sanktioune virgesinn.
Vun haut u kënnen dann och d'Betriber zu Lëtzebuerg de Regime vum CovidCheck aféieren. Et ass deen Ament méiglech de CovidCheck just a verschidden Deeler vum Gebai anzeféieren.
Schaffe kann een an deem Fall da just nach mat enger Impfung, engem zertifiéierten Antigen-Test oder engem Zertifikat, datt ee sech vum Virus erholl huet.
D'Gewerkschaften, déi och fir eng Erhéijung vum Impftaux plädéieren, haten der Regierung bis gëschter een Ultimatum gesat, fir d'Gesetz nach ofzeänneren. Et géife vill Froen opbleiwen, wat nämlech geschitt wann ee Salarié refuséiert beim CovidCheck matzemaachen a wien fir d'Käschte vun den zertifiéierte Schnelltester soll opkommen.
Well d'Regierung net op hiren Ultimatum agaangen ass, dreeën den OGBL, den LCGB an d'CGFP mat gewerkschaftlechen Aktiounen a kommen dës Woch zesumme fir doriwwer ze diskutéieren.
Fir d'Schüler gëtt de CovidCheck-System net ageféiert.
Den Zougang zu Spideeler, Altersheimer a Strukturen, wou vulnerabel Persoune liewen, gëtt och gereegelt. Do dierf een awer op d'Selbsttester zeréckgräifen.